De Premier engagéiert sech, d'Acteuren an d'Koalitiounsverhandlungen anzebannen

© Serge Pauly / RTL
D'Regierung misst direkt handelen an eng Tripartite aberuffen, fir eng uerg Kris ze verhënneren.
Dat fuerdert den LCGB a weist sech schockéiert vum - wéi et vun der Gewerkschaft heescht - Inaktivismus vun der Regierung, wann et drëms geet eng gréisser Kris am Bausecteur an am Handwierk ze verhënneren.
De Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond wëll där Situatioun net nokucken. Hien huet wëlles, vun elo un d'Leit um Terrain ze sensibiliséieren a mobiliséieren.
Fir d'éischt geet d'Gewerkschaft elo Mol an déi grouss Betriber. Se fänkt am Secteur vum Bau a vum Handwierk un, mä och an anere Secteure sollen d'Leit op d'Situatioun opmierksam gemaach ginn.
D'Geldpolitik vun der europäescher Zentralbank géif en immensen Drock op de Logementssecteur maachen, betount den LCGB-President Patrick Dury. D'Banke géifen d'Ventë vun Haiser an Appartementer bremsen an domadder och nei Constructiounsprojete verhënneren:
"Mir fäerten, datt mer massive Chômage a Faillitte kéinte kréien. Am Bau an am Handwierk. Et muss een och fäerten, datt am Immobiliesecteur, déi Boule, déi an de leschte Joren entstanen ass, kéint platzen. Datt et zu engem Wäertverloscht géif kommen an datt de Patrimoine, deen d'Leit sech erschafft hunn, u Wäert kéint verléieren."
Wann d'Leit hir Prêten net méi kéinten zeréckbezuelen an hiert Doheem ënner Wäert misste verkafen, géif dat d'Dier opmaache, fir Spekulanten, déi sech um Réck vun de Bierger géife beräicheren, warnt de Patrick Dury.
Nieft der Politik ass an den Ae vum LCGB dofir och de Bankesecteur gefuerdert: "2008 an der Bankekris sinn d'Banke jo mat Staatssue gerett ginn an haut hunn d'Banken och eng speziell Responsabilitéit."
Den LCGB ënnersträicht, datt et héich Zäit gëtt, datt d'Regierung aus hirem Immobilismus eraus kënnt. Zesumme mat de Sozialpartner misst si e Bilan vun der Situatioun maachen an déi néideg Moossnamen huelen, fir eng Katastroph ze verhënneren. All aner politesch Äntwert wier fir den LCGB irresponsabel.
E Méindeg de Moien huet de Premierminister Xavier Bettel op d'Fuerderung vum LCGB reagéiert an annoncéiert, déi betraffen Acteuren an d'Koalitiounsverhandlunge mat anzebezéien:
"Ech engagéiere mech, d'Acteure vun der Konstruktioun an dem Logement an d'Koalitiounsverhandlunge mat anzebannen, sollten d'Wieler mir hiert Vertraue schenken, fir datt déi nei Regierung keng Zäit verléiert an d'Immobiliëkris direkt mat konkrete Mesuren ugoen an esou de Leit séier hëllefe kann."