
Vue dass ëmmer méi Leit d’Liewen op déi éischter Plaz setzen an dono réischt d’Aarbecht op déi 2. Plaz, gouf den Terme vu Remote a “Life-Work-Balance” ëmgedeeft an net méi wéi soss “Work-Life-Balance”.
Beim Index vun der “Life-Work-Balance” ginn eng Partie vu wichtege Facteure consideréiert, dozou gehéieren d’Gesondheetsfleeg, de Mindestloun, de Congé parental, de gesetzleche Congé, d’Krankekeess, den allgemengen Niveau vum Gléck, déi duerchschnëttlech Aarbechtszäit an d’Inklusivitéit vun der LGBTQ+-Communautéit.
An hei kënnt Lëtzebuerg am europawäite Ranking op déi éischte Plaz, dat relativ däitlech. Bei alle Facteuren, déi fir de Ranking analyséiert goufen, konnt de Grand-Duché iwwerduerchschnëttlech gutt ofschneiden. Bei de gesetzleche Congésdeeg (26) an de gesetzleche Feierdeeg (11) kënnt een hei am Land op am Ganze 37 Deeg. Beim Remboursement wann ee krank ass läit ee bei 100%, eppes dat am EU-Verglach keng Selbstverständlechkeet ass. Beim Congé parental kritt een 100% vu senger Pai ausbezuelt, dat iwwer 20 Wochen.
Wat de Mindestloun betrëfft, läit Lëtzebuerg bei 14,26 Dollar pro Stonn, wat deen héchsten an Europa ass. Bei der allgemenger Zefriddenheet läit ee mat engem Glécksscore vu 7,4 vun 10 zwar net op der éischter Plaz, ma awer an den Top 3 vun am Ganzen 30 Länner. Am Duerchschnëtt schafft een dann zu Lëtzebuerg 27,4 Stonnen an der Woch, hei läit een am viischte Mëttelfeld. Bei der LGBTQ+-Inklusivitéit läit ee mat 75 vun 100 méigleche Punkten och relativ fir am Feld.
Domadder géif Lëtzebuerg mat engem Gesamtscore vu 85.26 méigleche Punkte kloer op déi éischte Plaz kommen. Hannendru placéiere sech Spuenien mat 78.63 Punkten a Frankräich mat 77.19 Punkten. Rumänien kënnt mat 55.28 Punkten op déi leschte Plaz an der Tabell.
Alleguerten d’Detailer ginn et um offizielle Site vu Remote.