KrautmaartDéi nei Chamber ass fir eng éischte Kéier beienee komm

RTL Lëtzebuerg
Sou wéi d'Verfassung et virgesäit, ass um drëtten Dënschdeg no de Chamberswalen déi nei Chamber beienee komm.
Déi nei Chamber ass fir eng éischte Kéier beienee komm
46 Deputéiert hunn do hiren Eed “Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir ma fonction avec intégrité, exactitude et impartialité” ofgeluecht

Chamber, 1. Sëtzung/Reportage Fränz Aulner

46 Deputéiert hunn do hiren Eed “Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir ma fonction avec intégrité, exactitude et impartialité” ofgeluecht. Déi 14 Ministeren, déi zeréckgewielt goufen, féieren d’Regierungsgeschäfter jo weider, bis dass eng nei Koalitioun vereedegt ass. Eréischt da gi si och vereedegt, wa si dann net sollten an der neier Regierung vertruede sinn, wat jo nëmme fir DP-Politiker ka gëllen.

Eng Dose ganz nei Gesiichter goufe jo op de Krautmaart gewielt:

  • Fir d’CSV de Charel Weiler an de Christophe Hansen.
  • Fir d’LSAP d’Paulette Lenert, d’Liz Braz an d’Claire Delcourt.
  • Fir d’DP den Dr Gérard Schockmel an de Luc Emering.
  • Fir déi Gréng d’Joëlle Welfring an de Meris Sehovic.
  • Fir d’ADR d’Alexandra Schoos an den Tom Weidig.
  • Fir d’Piraten de Ben Polidori.

Déi éischt Sitzung en Dënschdeg gouf vum déngschteelsten Deputéierten, dem CSV-Deputé-maire Michel Wolter, geleet, assistéiert vun deenen zwee jéngste Membere Braz an Emering.

De Michel Wolter bleift bis eng nei Regierung steet Chamberpresident. De Michel Wolter huet an der Sitzung awer léif Wierder un nei a fréier Deputéiert geriicht, virun allem un 3 Éierendeputéiert, déi am September gestuerwe sinn: D’Marie Therèse Gantenbein, den Ady Jung an de Camille Dimmer. A senger Ried um Schluss vun der Sitzung huet de Michel Wolter awer och mat der Aarbecht an der Chamber ofgerechent: Déi detailléiert Analys” am legislative Prozess wier am Laf vun der Zäit verluer gaangen. A sengen Ae wier d’Politik gedriwwe vun der «Schnellliewegkeet vun der Zäit», woubäi eng “gutt iwwerluechten Äntwert” besser wier.

Op der Dagesuerdnung stoung och d"Vérification des pouvoirs”. Eng ausgelouste Kommissioun huet d’Resultat vun de Walen validéiert. An där Kommissioun gouf kuerz iwwert eng Reklamatioun vun engem Bierger, dem Romain Reiter, diskutéiert. Deen huet beklot – graff resuméiert hei - datt d’Wieler am Zentrum méi Gewiicht hunn ewéi an den aneren 3 Bezierker. D’Kommissioun huet zeréckbehalen, datt de Sujet politesch relevant wier, mee d’Kommissioun net dofir zoustänneg wier.

D’Walresultat gouf och validéiert, obwuel eng Rei kleng Problemer bei der Kontroll déi lescht Wochen an Deeg festgestallt goufen. Entspriechend Recommandatiounen goufen un de Staatsministère geriicht, fir de Walvirgang nach weider ze verbesseren. Am Resumé huet d’Rapportrice, déi nei gewielten LSAP-Deputéiert Claire Delcourt deklaréiert: D’Walvirgäng si ganz regulär gereegelt gelaf an d’gewielten Kandidaten erfëllen all Konditiounen, fir gewielt ze sinn. D’Walresultat gouf deemno eestëmmeg vun der Chamber validéiert.

D’Chamber-Bild vun haut wäert net dat Definitiivt sinn

Verschidden aktuell Ministere wäerte séier op de Krautmaart kommen. Wa si hiert Mandat unhuelen a bis ewell sot mol nach keen de Contraire, och wann ee sech dat notamment zum Beispill beim aktuellen Ausseminister gefrot hat, mee de Jean Asselborn wäert awer och geschwënn als Deputéierten seng Fraktioun ënnerstëtzen, grad wéi fir d’LSAP de Georges Engel, d’Spëtzekandidatin Paulette Lenert, d’Taina Bofferding, de Franz Fayot an de Claude Haagen - fir déi Gréng sëtzen an Zukunft net méi um Ministerstull, mee an der Oppositioun d’Sam Tanson, de François Bausch an d’Joëlle Welfring, déi jo ouni gewielt ze sinn, d’Ministesch Carole Dieschbourg ersat hat.

Eemol wäerten also aktuell Ministeren geschwënn am Parlament sinn an ëmgedréint nei Deputéiert geschwënn an der Regierung an et wäerten net-gewielte Kandidaten noréckelen.

Huele mer d’Hypothees, datt eng nei CSV-DP-Regierung 15 Membere kritt, dann dierften eng Rëtsch Deputéiert, déi en Dënschdeg vereedegt ginn, d’Parlament geschwënn nees verloossen.

Huele mer d’Beispill Luc Frieden: Den CSV-Spëtzekandidat gëtt en Dënschdeg als Deputéierte assermentéiert.

Sollt d’schwaarz-blo Koalitioun definitiv zustane kommen, dierft de Luc Frieden op d’Regierungsbänk wiesselen, warscheinlech als Premier.

Dee Moment réckelt an der Reegel déi nächstgewielt Persoun vun der CSV-Zentrumslëscht fir de Luc Frieden an d’Parlament no. Wa mer e Bléck op d’Walresultater geheien, da gesi mer do direkt hannert de Gewielten de Maurice Bauer, de Laurent Mosar an den Alex Donnersbach.

Am Süden ware just net gewielt d’Nathalie Morgenthaler an d’Françoise Kemp. Am Norde fanne mer hannert de gewielten Deputéierten de Jeff Boonen an de Jean-Paul Schaaf. Am Osten hat d’Stephanie Weydert de véiertbeschte Score realiséiert a kéint eventuell op de Krautmaart noréckelen.

Bei de Liberale fanne mer Leit an der zweeter Rei, fir déi de Wee an d’Parlament awer nach kéint Realitéit ginn. Am Zentrum ware just net gewielt de Guy Arendt, Patrick Goldschmidt a Claude Lamberty. Am Bezierk Süde stoungen op Walsonndeg d’Nimm vun zwou Fraen direkt hannert de Gewielten: D’Barbara Agostino an d’Mandy Minella.

Am Norde sinn déi éischt Persounen, déi net direkt gewielt goufen, de Minister Marc Hansen an den Eric Thill. Am Oste fënnt een op de Reserveplazen zwee Männer vu Jonglënster, de Gilles Baum an de Ben Ries. Bleiwe mer kuerz bei der DP:

Do kéinten natierlech aktuell Regierungsmemberen dat och déi nächst 5 Joer bleiwen. Et ass zum Beispill dovun auszegoen, datt de Xavier Bettel e Ministerposte kritt, hie géing dee Moment NET an der Chamber um Krautmaart vereedegt ginn, mä zu engem spéideren Zäitpunkt dernieft am Palais, als Regierungsmember.

Mir präziséieren, datt da lo alles reng spekulativ ass. Villes hänkt dovunner of, wéi vill Ministere wéi eng Partei pro Bezierk designéiert. Da kënne Leit verzichten an zum Beispill Plaz fir ee maachen, dee manner gutt gewielt war, awer vläicht méi jonk ass. Eng nei Regierung muss jo och net op hir gewielte Kandidaten zeréckgräifen, mä op Leit vu baussen. Fir sougenannt Quereinsteiger géing kee vun der Lëscht an d’Parlament noréckelen.

Et bleiwen also nach eng Partie Inconnuen, wéi d’Chamber da reell wäert ausgesinn, nodeem d’nei Regierung Frieden/Bettel bis virum Grand-Duc hiren Eed geleescht huet - sou datt mer dat komplett Bild eréischt wäerte kennen, wa bis decidéiert ass, wien alles e Minister-Portefeuille kritt - an do lafen den Ament jo nach ganz aner Spekulatiounen.

Egal wéi dierft - wann d’aktuell Koalitiounsverhandlungen gutt weiderkommen - déi nei Regierung am Dezember vereedegt ginn, sou datt eng zweet Rëtsch vun Deputéierten duerno hirersäits och wäerten am Plenum assermentéiert kënne ginn.

Back to Top
CIM LOGO