DP-Politiker Gérard Schockmel am Portrait
Am November 2020, matten an der Pandemie, war et d’Nouvelle vun engem villverspriechende Covid-Vaccin.
Am RTL-Journal op der Tëlee huet den deemools nach an der Ëffentlechkeet onbekannten Dr Gérard Schockmel Explikatiounen dozou ginn. Mat senge kloren, gutt verständleche Wierder ass den Infektiolog quasi zum Erklärer vun der Natioun ginn.
Seng Popularitéit huet sech an de Wale confirméiert. Mat gutt 15.000 Stëmmen op der DP-Lëscht am Bezierk Zentrum huet de Medezinner direkt de Sprong an d'Chamber gepackt a gouf en Dënschdeg als Deputéierte vereedegt. Wéi de Gérard Schockmel seng nei Aufgab ugoe wëll a wat dat fir seng Aarbecht am Spidol bedeit, ënner anerem dorëms geet et an dësem Portrait.