
Onbekannt Täter hu probéiert mat enger Camionnette den Aganksberäich vum Gebai ze duerchbriechen. Dobäi hu si awer den Alarm ausgeléist an d’Brigangen hu sech duerch d’Bascht gemaach. Eng séier lancéiert Sich vun der Police ass ouni Succès bliwwen, Ermëttlunge goufen awer opgeholl.
Wéinst dësem Abrochversuch bleift d’Post zu Jonglënster e Méindeg fir de Public zou.
