Gespréich mat engem Lëtzebuerger Mathé-Genie"D'mënschlecht Gehier kann aner Froe beäntweren ewéi d'Maschinnen"

Pierre Weimerskirch
2009 huet de Pierre Haas d'Première am Jongelycée zu Esch mat enger Moyenne vu 60 gepackt. 2017 huet hie säin Doktorat op der Universitéit Cambridge kritt.
© Pierre Weimerskirch

Elo den Ament leet hien e Fuerschungsgrupp am Max-Planck-Institut zu Dresden. Hei beschäftegt sech de Biophysiker mat der Fro, wéi sech multizellulär Systemer selwer organiséieren, wéi aus eenzelen Zellen zum Beispill komplex Organer entstinn.

Fir den Interview treffen ech de Pierre Haas zu Diddeleng. Mir ginn zesummen e Kaffi drénken, wou mer iwwert säi Wee schwätzen. En intelligente Gespréichspartner mat vill Witz an den Äntwerten.

60 op der Première

Déi meescht Leit si frou, wa se d’Première gepackt hunn. De Pierre Haas hat eng Moyenne vu 60. Haut gesäit hien dat esou : “Zum Gléck ass et jo esou, dass déi Moyennen all no uewen opgeronnt ginn, dat heescht, et géif duergoen 59,1 ze hunn. An ech mengen, et war och iergendwéi méi an deem Beräich.”

Deemools wier et zum Deel Éiergäiz gewiescht, esou gutt Punkten ze hunn. Ma och duerch permanenten Training duerch d’Mathésolympiaden, un deenen hien deelgeholl hätt. Fir den Examen an der Mathé op Première hätt hien net misse léieren: “Dat war awer och deen eenzegen.”

D’Begeeschterung fir d’Zuelen a Formele koum iwwert d’Mathésolympiaden am Lycée

Op Troisième huet de Pierre Haas ugefaangen, op de Mathésolympiaden Deel ze huelen. Do wier d’Decisioun gefall, Mathematik ze studéieren. Op der Universitéit Cambridge hätt hien awer dunn iergendwa gemierkt, dass d’Mathé net géif duer goen a well d’Biologie schonn ëmmer säi Fach gewiescht wier, gouf hie Biophysiker.

Um Max-Planck-Institut wéilt de Pierre Haas gären eppes bewierken: “Op enger gewëssener Weis, fir eis als Theoreetiker, ass et dann einfach eng Méiglechkeet, fir mathematesch Spaass ze hunn, awer gläichzäiteg och eppes ze maachen, wat kann an der Realitéit genotzt ginn, an der Biophysik, an der Biologie an hoffentlech spéider och eng Kéier an der Medezin.”

Déi wuel schwéierste Fro, déi mer diskutéiert hunn, war déi, wat een dann als Biophysiker genee géif maachen. Dëst konkret Beispill erkläert dat relativ komplizéiert Fachgebitt verständlech:

“Et gi vill Krankheeten, déi genetesch sinn, wou da vläicht Organer sech net richteg forméieren. Et ass ni eng Fro, dass d’Genetik een ëmbréngt. Et ass ëmmer d’Mechanik, wou gewësse genetesch Signaler net do sinn. Also entstinn net déi richteg mechanesch Kräften, fir e Geweebe ze forméieren. Da kann een natierlech driwwer nodenken, fir d’Genetik ze kucken, fir esou Krankheeten ze heelen oder ze vermeiden. Et kann een driwwer nodenken, ob ee ka mat der Mechanik spillen an einfach déi richteg Kräften applizéieren. Fir dat ze kënnen, muss een awer verstoen, wat déi Kräfte sinn. Dat ass dat, wat mir probéieren ze maachen, andeems mer mathematesch Modeller entwéckelen an d’Biologen et an hiren Experimenter kënnen testen.”

Kënschtlech Intelligenz beschleunegt d’Fuerschung

Den Afloss vun der kënschtlecher Intelligenz kritt een iwwerall ze spieren. Och de Journalismus erlieft grad eng Renaissance an eisen Alldag ass lues amgaangen sech ze veränneren. De Pierre Haas gesäit dat méi entspaant: “D’mënschlecht Gehier kann aner Froe beäntweren ewéi d’Maschinnen. Wann ech e Video gesinn, kann ech net soen, wéi eng Gläichung do drënner läit. Dat kann de Computer relativ einfach beäntweren. De Computer kann net soen: Oh, ech wëll e Mechanismus hunn, deen déi Saachen dran huet an da wëll ech op déi selwecht Gläichung erauskommen.”

Et wier eng Fro vun der Zäit, wéi sech elo alles wäert weiderentwéckelen. Als konkret Beispill nennt de Biophysiker AlphaFold vu Google, e Programm, deen et erlaabt, d'3-Dimensional-Struktur vun engem Protein ze beschreiwen. Dat wier e Problem, un deem Fuerscher 20 oder 30 Joer geschafft hunn, ouni groussen Duerchbroch. Esou digital Entwécklunge wieren eng grouss Hëllef an der Fuerschung.

Al Krimien a Vëlo als Ausgläich

A senger Fräizäit liest de Pierre Haas gäre Krimien : “Deelweis well se einfach gutt sinn oder well se engem hëllefen, anzeschlofen.”

Seng zweet Passioun ass de Vëlo. Zu Dresden géif een einfach net laanscht den Drotiesel kommen. De Biophysiker huet ee Vëlo fir op d’Aarbecht an een zweeten, fir méi laang Sortien ze maachen, dat wier ee Gravel-Bike.

“E Gravel-Vëlo ass ee mat e bësse méi breede Pneuen. Et ass ëmmer esou, wann een op Lëtzebuerger Vëlosweeër fiert, dann ass et eng perfekt Surface an dann hält en iergendwann op. An Däitschland ass et anescht. De Reseau ass immens gutt. All Vëloswee geet weider. Mee meeschtens ass dann iergendwann de Belag net méi perfekt.”

Mathé besser vermëttelen

Mathé misst an der Schoul besser vermëttelt ginn, dass méi Jonker, och jonk Meedercher sech dofir interesséieren: “Et ass einfach, dass Mathematik déi Sprooch ass, an där et am einfachsten ass, Gesetzer, déi eis Welt beschreiwen, ze formuléieren.”

De Pierre Haas huet an all deene Jore geléiert, dass ee seele bei komplexe Problemer eng Léisung fënnt, et géif een ëmmer nëmmen en Deel dovu fannen. Esou awer de Grondstee fir weider Fuerschung leeën.

Back to Top
CIM LOGO