ZeienopruffVerkéiersaccident tëscht Clierf a Lenzweiler
Den 31. Oktober koum et géint 15.30 Auer tëscht Clierf a Lenzweiler zu engem Verkéiersaccident, bei deem zwee Autoe mat de Spigelen zesummegestouss sinn.
Verëffentlecht: 08.11.23 15:22, Update: 09.12.25 18:22
Zu dësem Ament waren nach aner Autoen op der Streck ënnerwee, déi de Virfall kéinte gesinn hunn.
D'Zeie vum Verkéiersaccident solle sech bei der Police vun Ourdall per Telefon um (+352) 244 83 1000 oder per E-mail u police.ourdall@police.etat.lu mellen.