
Géint 18 Auer ass zu Nidderkuer an der Péitenger Strooss en Auto bäigaangen, woubäi eng Persoun verwonnt gouf. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an d’Ambulanz vun Esch.
Kuerz no 18 Auer sinn op der A13, tëscht dem Tunnel Éilereng an Aessen, zwee Autoen anenee gerannt. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten. D’Pompjeeë vun Esch a Käerjeng waren op der Plaz, grad ewéi eng Ambulanz vu Schëffleng.
Géint 23.20 Auer hunn d’Pompjeeë vun Hiefenech, Konsdref an aus der Fiels mussen an den Asaz, nodeems en Zëmmerbrand zu Iernzen an der Rue de Larochette gemellt gouf. Och eng Ambulanz aus der Fiels ass op d’Plaz geruff ginn. Wéi de CGDIS mellt, gouf et hei awer keng Blesséierter.