An och bei MeteoLux huet een eng Alerte Jaune fir en Donneschdeg an e Freideg erausginn. War Ufanks just Rieds vum Süde vum Land, esou gëllt d’Warnung awer och fir den Norden.
Fir de Süde gëllt d’Alerte vun en Donneschdeg 7 Auer bis e Freideg 23.59 Auer.
Fir den Norden ass et vun en Donneschdeg 13 Auer bis e Freideg 11.59 Auer.

D’Gemeng Ettelbréck huet um 16.30 Auer eng Warnung erausginn, dass ee wa méiglech soll evitéieren, säin Auto um Parking Däich ofzestellen, respektiv um -1 vum Parkhaus. D’Niveauen 0 bis 3 bleiwen op.
Och d’Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg huet d’Automobilisten opgeruff, hir Autoen an den Alentoure vun der Spatz ze réckelen.
An der Mëttesstonn konnt ee schonn zu Schengen, Bech-Maacher a Réimech gesinn, dass d’Musel iwwert d’Ufer erausgaangen ass. Am Trafic-Info war et d’Meldung, dass wéinst dem Héichwaasser zu Schengen d’Rue Robert Goebbels/CR152b tëscht der Schengener Bréck an der franséischer Grenz bis op Weideres fir de Verkéier gespaart ass. Och zu Ouljen an der rue de Rodenbourg ginn et aktuell Iwwerschwemmungen.
Inondations.lu mellt dann och um 14 Auer, dass ee sech laanscht d’Uelzecht a Sauer misst drop virbereeden, dass et zu Héichwaasser ka kommen. Hei gouf virun allem de Raum Dikrech genannt.

Op inondations.lu fënnt ee weider Detailer.
Ponts et chaussées hu géint 16.20 Auer an engem Communiqué wësse gedoen, dass de geplangte Schantje vun e Freideg op e Samschdeg op der N15 zu Ettelbréck wéinst de schlechte Wiederkonditiounen op e spéideren Datum wäert geréckelt ginn.
Météo-France huet iwwerdeems och eng vigilance orange fir 10 Departementer erausginn, dorënner och den Departement Meurthe-et-Moselle.