Déi nei schwaarz-blo Regierung steet, an d’Poste si verdeelt. Dass déi fréier Regierungs- an nei Oppositiounsparteie vu Gréng a Rout net begeeschtert si vun der Opdeelung vun de verschiddene Ministèren, ass ewell kloer ginn. Besonnesch déi dräifach Kap vum DP-Minister Claude Meisch suergt fir Ierger. De fréieren an och zukünftegen Educatiounsminister ass zousätzlech nach fir de Logement an d’Landesplanung responsabel.
Déi fréier gréng Justiz-a Kulturministesch Sam Tanson wonnert sech, wéi een op zwou Plaze gläichzäiteg si kann a geet dervun aus, dass ee Ressort wäert vernoléissegt respektiv net vum Minister selwer geréiert ginn. Donieft fënnt d‘Sam Tanson, dass d’Besetzung vum Kulturministère mam jonke Schierener Buergermeeschter Eric Thill éischter no enger Noutléisung ausgesäit. Et hätt een do wuel onbedéngt eng Persoun aus dem Norde wëllen dropsetzen. De Choix hätt eng schlecht Signalwierkung no baussen a géif hir am Häerz wéidoen. “D’Kultur ass eng Passioun a kee politescht Sprangbriet!”.

Verwonnert op der Opdeelung reagéiert een och bei der LSAP, déi fréier Chancëgläichheets- an Inneministesch Taina Bofferding wënscht dem Claude Meisch Bonne Chance fir seng divers nei Aufgabeberäicher. Allerdéngs géif et scho verwonneren, dass de Logement keng Chefsaach gi wier, mee “dofir awer den Tourismus, dee wuel zwee Ministere brauch”. Wat hire fréiere Ressort vum Interieur ugeet, hofft d‘Taina Bofferding, dass déi ugestousse Reforme vun der Grond-a Mobiliséierungs- Steier vun hirem Nofollger Léon Gloden vun der CSV séier ëmgesat ginn. Do géif si op alle Fall vun der Oppositiounsbänk aus hannendru bleiwen.

Och déi kleng Parteie spueren net u Kritik: Sou froen déi Lénk sech, wat sech déi nei Regierung bei der Opdeelung vun de Ressorte geduecht hunn, do géif näischt beienee passen: Weder d’Defense bei d’Chancëgläichheet, nach de Logement bei d’Educatioun, oder den Environnement bei d’Fonction Publique. Den neien Aarbechtsminister Georges Mischo wier u sech keen, him géif et carrement un der néideger Kompetenz am Dossier feelen, seet de Marc Baum: “well deen Aarbechtsminister, deen nominéiert ass viru kuerzem nach op enger Table ronde gesot huet, als gréisst sozial Errongenschaft misst erkämpft ginn, dass de Mindestloun un d’Inflatioun ugepasst gëtt. Do huet e misse vum ganze Sall korrigéiert ginn, dass mir dat hunn an dass dat ,Index‘ heescht. Wat awer deen elo nominéierten Aarbechtsminister scheinbar net wosst”.

E bësse méi clément weise sech d‘Piraten, déi mat der CSV op e Wiessel an der Politik hoffen. Ma och de Marc Goergen kritiséiert d’Besetzung vum Logementsministère duerch en DP-Minister. De Logementsproblem wier duerch steierlech Mesuren ze léisen, an do hätt d‘CSV sollen de Courage hunn, fir dee Ministère z’iwwerhuelen. Schliisslech hätt d’CSV och par Rapport zu der DP am Walkampf méi Proposen am Beräich Logement gemaach. Wat d’Nominatioun vu Leit vu bausse wéi dem Martine Deprez fir Santé a Soziales ugeet, dat geséich net glécklech aus, wann een och gutt gewielte Leit wéi d’Nancy Kemp-Arendt hätt.

Grad wéi d’Piraten hofft och d’ADR op e Wiessel an der Politik, gesäit awer schonn an der Nominatioun vum Claude Meisch als Educatiounsminister e Verstouss géint d’Walversprieche vun der CSV: “Lo hu mir do eng Kontinuitéit, no 10 Joer Här Meisch bleift hien et och elo weider. Dee mécht warscheinlech seng Politik sou weider, dat wësse ma nach net, mir hunn de geneeë Programm nach net gesinn. Mee ech mengen net, dass dat dat ass wat d’Leit sech erwaart hunn, och net déi um Terrain. Kolleegen um Terrain, och vill Elteren a Schüler déi betraff sinn, déi si wierklech enttäuscht“.
De Fred Keup hofft, dass den neie Staatsminister Luc Frieden de Claude Meisch am Beräich Educatioun am Zam hält.
