Déi annoncéiert steierlech Entlaaschtunge vu Schwaarz-Blo wieren net fair a géife kaum fir sozial Gerechtegkeet suergen.

Och d'Géigefinanzéierung bereet deene Grénge Suergen, esou déi fréier Justizministesch Sam Tanson e Méindeg de Mueren op der parlamentarescher Rentrée vun déi Gréng. Beim Thema Steiere wier wärend de Wale vill versprach ginn, ma "den Elefant" hätt bis elo just eng "Maus" accouchéiert.

Zwou fréier Regierungsparteie fannen sech op der Oppositiounsbänk erëm. D'lescht Woch weisen déi Rout sech kämpferesch fir d'Rentrée. Fir déi Gréng war et e Méindeg de Mueren dogéint éischter e sachlech a poséiert Optrieden. Et fillt ee sech deels bestätegt, well, esou déi Gréng, 85 Prozent vun deem, wat déi lescht Regierung geschafft huet, dem neie Koalitiounsaccord no weidergefouert gëtt.

De Koalitiounsaccord war jo d'leschte Freideg virun der offizieller Publikatioun e Méindeg de Mëtteg an der Chamber geleaked ginn. D'Sam Tanson, Spriecherin vun déi Gréng:

"Eis Aarbecht gëtt doduerch honoréiert. Mä ech stelle mer natierlech d‘Fro, wisou dann am Walkampf et esou duergestallt gouf, ewéi wann déi Politik vun der aktueller Regierung sou katastrophal wier, wa schlussendlech awer ganz vill Projete weidergedriwwe ginn."

Déi annoncéiert steierlech Entlaaschtung ronderëm d‘Steiertabell den 1. Januar wier awer net "fair", bedaueren déi Gréng. Fir Salairë vun 3.000 Brutto wieren dat 14 Euro méi de Mount. Bei enger Paie vun 12.000 Euro ass et dräimol esou vill.

"Sou, datt do wou et wierklech néideg wär - bei der Mëttelschicht, bei den niddrege Revenuen - sech dës Mesure am mannste wäerte spierbar maachen. An och d‘Ofschafe vun der Steierklass, eng ganz grouss Fuerderung vun der DP, do gëtt elo just ab wéini iwwerhaapt soll e Projet op den Dësch geluecht ginn."

Ouni Detail awer bis wéini dës genau soll kommen. Generell awer suergt d'Géigefinanzéierung fir Suergen. Besonnesch, well och am Logement den abordabele Wunnraum weider vum Staat muss ënnerstëtzt ginn. Annoncéiert Mesuren, ewéi d'Erhéijung vum bëllegen Akt oder d'Upassung vum "Amortissement accéléré" awer, géing just de Promoteuren a Multi-Propriétairen eppes bréngen, bedaueren déi Gréng. D'Sam Tanson dozou:

"Dat ass eng Politik, déi scho viru 15 Joer gemaach gouf, fir déi Lëtzebuerg ganz vill kritiséiert gouf. Och vun der OECD, déi eis gesot huet, et wier een um falsche Wee. D‘Resultat huet eis jo gewisen, datt een d'Präisser net an de Grëff krut an net méi erschwéngleche Wunnraum geschaaft gouf."

Et wier iwwerdeems schwiereg nozevollzéien, datt elo decidéiert gouf, de Sujet Immigratioun op zwee Ministèren opzedeelen. Eng Decisioun, déi fir weider Komplikatiounen a Retarde kéint suergen, wärend eng Well un neie Refugiéen zu Lëtzebuerg ukënnt.