Wéi d'Gesondheetskeess CNS iwwert déi sozial Medie matdeelt, hu Krimineller iwwert de Weekend eng grouss Phishing-Campagne lancéiert.

An der Arnaque via E-Mail gëtt den CCSS-Logo mëssbraucht, fir un de Leit hir privat Donnéeën ze kommen. An der E-Mail gëtt virgetäuscht, et misst ee seng Carte de sécurité sociale erneieren. D'CNS warnt, ënnert kengen Ëmstänn op de Link ze klicken an de Formulaire op der gefälschter CCSS-Säit mat der URL "ccss-lu.com" net auszefëllen.

"D'Ekipp fir technesch Sécherheet vun der Sécurité sociale mécht Recherchen, fir d'Source vun dësem Phishing ze lokaliséieren an ze blockéieren", heescht et vun der CNS.