Gesondheetskeess
Fir 2024 gëtt mat engem Defizit vun 52 Milliounen Euro gerechent

D'Gesondheetskeess wäert hir Käschten d'nächst Joer net komplett duerch d'Cotisatioune kënnen decken.
De Fait, dass dëst Joer mat engem positive Bilan ka clôturéiert ginn, wier och nëmmen op ausseruerdentlech Effekter zeréckzeféieren, dorënner eng virgezunnen Indextranche, an dass eng Rei Depensen net esou héich waren, wéi erwaart, heescht et vun der CNS.
D'nächst Joer ginn eppes manner wéi 970.000 Leit vun der Gesondheetskeess couvréiert. Zwee Drëttel dovu si Residenten an een Drëttel lieft am Ausland.
Am meeschte gelies