E Samschdeg de Moie gouf der Police en Iwwerfall op eng Bensinnsstatioun zu Esch/Lankelz gemellt.

D'Täter haten dobäi gréisser Quantitéiten un Alkohol geklaut an hu sech dunn aus dem Stëbs gemaach.

De Fluchtwon mat véier Passagéier konnt kuerz Zäit drop zu Lalleng fonnt ginn. Wou d'Police den Auto duerchsicht huet, hunn d'Beamten dann och tatsächlech eng gréisser Zuel vun Alkoholfläsche fonnt, genee wéi eng Rei Liewensmëttel. Am Auto waren och eng Partie verschidden Autosplacken.

Bei enger Iwwerpréiwung huet sech dunn erausgestallt, datt souwuel d'Placken, wéi och den Auto selwer als geklaut gemellt gi waren. Déi véier Persounen, déi am Auto souzen, goufen immobiliséiert a mat op de Policebüro geholl.

Weider Ermëttlungen hunn de Beamten dunn de Verdacht ginn, datt dräi vun de véier Persounen dréngend tatverdächteg wieren, an de Stonne virdrun net just d'Bensinnsstatioun zu Esch/Lankelz, mee och Tankstellen zu Schëffleng, Fréiseng, Lalleng, Nidderkäerjeng an Déifferdeng iwwerfall ze hunn.

Op Uerder vum Parquet goufen dräi Verdächteger festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert, géint déi véiert Persoun am Auto gouf eng Plainte wéinst Verstouss géint d'Drogegesetz gemaach.