Maximal ronn 220.000 EuroEx-Ministere ginn nach wärend 2 Joer indemniséiert

Pit Everling
Déi meescht frëschgebaken Ex-Ministeren dierften nach 2 Joer laang finanziell indemniséiert ginn.
Foto vum leschte Regierungsrot vun der blo-rout-grénger Regierung.
Foto vum leschte Regierungsrot vun der blo-rout-grénger Regierung.

En Artikel am Gesetz iwwer d’Gehälter vun der Fonction publique gesäit no der Sortie aus der Regierung e sougenannten Traitement d’attente vir. Et gëtt awer Konditiounen.

Ex-Ministere ginn deemno wéi nach wärend 2 Joer indemniséiert / Pit Everling

Wien an enger Regierung ophält, kritt nach wärend 3 Méint seng Basis-Pai weider, ouni Representatiounsindemnitéit. Dat sinn 805 Punkten, esou de Bob Gengler, éischte Regierungsconseiller am Ministère fir den ëffentlechen Déngscht: “Dat sinn déi éischt 3 Méint ongeféier 18.380 Euro.”

Dono geet et e Krack erof. Iwwert déi nächst 21 Méint sinn et all Mount 350 Punkten, erkläert de Bob Gengler: “Vum véierte Mount u sinn et ongeféier 7.990 Euro.”

Et spillen awer gewëss Konditiounen. Wann en Ex-Minister en neien Job unhëlt, fält d’Indemnitéit ewech, allerdéngs just vun enger gewësser Remuneratioun un: “Den Traitement d’attente fält ewech, wann de Revenu aus enger privater oder ëffentlecher Aktivitéit nogeet, méi wéi dat duebelt ass vum Traitement d’attente.”

Dat wiere 700 Punkte respektiv knapp 16.000 Euro.

Ma och wann e fréiere Minister refuséiert, seng Tâche beim Staat nees unzetrieden, verléiert hien d’Recht op den Traitement d’attente:“Dann ass et och esou, wann en Ex-Minister géing refuséieren, a seng fréierer Funktioun beim Staat zeréck- oder a méi eng héich Funktioun ze goen, da fält den Traitement d’attente ewech.”

Den Traitement d’attente gëtt et och net, wann e fréiere Minister Recht op d’Pensioun huet.

E Mandat an der Chamber gëllt iwwregens net als nei Aktivitéit. Dem Gesetz no kréien d’Ex-Ministeren, déi elo am Parlament sëtzen - wa se d’Konditioun erfëllen - also och de genannten Traitement d’attente. Op 2 Joer gerechent sinn dat ëmmerhin am Ganzen iwwer 220.000 €.

Back to Top
CIM LOGO