Den neie Premier Luc Frieden huet seng Deklaratioun virun der Chamber gehalen
Um 14 Auer e Mëttwoch de Mëtteg huet de Staatsminister dem Parlament de Regierungsprogramm presentéiert.
A senger Ried, déi op d'Minutt eng Stonn gedauert huet, ass den neie Premier a grousse Linnen op d'Pläng vun der Regierung fir déi nächst 5 Joer agaangen.
Déi däreg "Simplification administrative" gëtt jo schonn zanter Joerzéngte probéiert. Dës Regierung wëll elo de Prinzip vum 'once only' aféieren, deemno e Betrib an och Privatleit nëmmen eemol dem Staat verschidden Donnéeë muss ginn, amplaz e puer Mol déi selwecht.
Prozeduren iwwerkucken, informatiséierten a sou méi séier an einfach maachen. Dat soll zum Beispill beim Bau vun erneierbaren Energië gëllen. "Mir wëllen d’Leit an d’Betriber ënnerstëtzen, amplaz alles komplizéiert virzeschreiwen. Eng Ëmwelt- a Klimapolitik, déi d’Leit begeeschtert amplaz nervt." Dernieft wéilt een d’Betriber an d’Privatleit och finanziell ënnerstëtzte bei der energeetescher Transitioun.
"Duerfir féiere mer de Pre-Finanzement vun den ekologesche Subventiounen an, fir datt d’Leit nach just hiren Deel musse bezuelen an d’Betriber direkt d'Subventioun vum Staat kréien an dat an engem kuerzen Delai." Kuerz Delaie sollen och am Gesondheetssecteur gëllen. Mam Ausbau vun der ambulanter Behandlung ausserhalb vun de Spideeler wëll d’Regierung de Bierger laang Trajeten a Waardezäiten erspueren.
"D’Lëscht vun den Apparater, déi d’Dokteren ausserhalb vun de Spideeler dierfen hunn, gëtt erweidert. Mir bauen d’Poli-Klinicken uechtert Land a punkto Capacitéiten aus a féieren d’Hospitalisation à domicile mat engem adequate Kader an." Domat sollen ënner anerem Kriibspatienten a Frae mat enger komplizéierter Schwangerschaft gehollef kréien. De Congé de Maternité soll iwwerdeems flexibiliséiert ginn.
"Am Accord mat hirem Dokter an hirem Employeur kann eng Fra en Deel vun hirem Congé prénatal an de Congé postnatal ëmwandelen. Mir wëllen de Congé parental auswäite vu 6 op 9 Méint. Fir de Käschtepunkt am Grëff ze behalen, gëtt de Gesamtrevenu, deen een haut fir déi 6 Méint kritt, op déi nei Gesamtlafzäit verdeelt."
Elteren, déi Vollzäit schaffen, kréien e Recht op 4 Stonne pro Woch onbezuelte Congé, bis hir Kanner 13 Joer hunn. An der Schoul sollen de Kanner méi Kompetenze, wéi Kreativitéit, Participatioun an Digitalisatioun bäibruecht ginn. Awer och d’Handwierksberuffer solle méi valoriséiert ginn. "D’Orientéierung gëtt verbessert a mir wëllen den Diplôme d’aptitude professionnelle DAP fir déi, déi schonn eng Secondaires-Première hunn, méi einfach a schnell zougänglech maachen."
D’Regierung hält drop, datt de soziale Mindestloun ëmmer iwwer dem Revis läit. Béid solle reegelméisseg un d’Evolutioun vun de Gehälter ugepasst ginn. Den Index gëtt a senger aktueller Form bäibehalen. "Mä wann e puer Indextranchen an engem Joer erfalen, da wëlle mir am Sozialdialog tëscht der Regierung, dem Patronat an de Gewerkschaften diskutéieren, wéi een engersäits kann d’Kafkraaft vun de Leit erhalen an anerersäits de Betriber kann entgéintkommen."
Och d’Sécherheet an d’Stäerke vun der Police ass fir déi schwaarz-blo Regierung eng Prioritéit. "Méi Leit, Equipementer a gesetzlech Mëttele fir effikass kënnen anzegräifen. Duerfir gëtt de Platzverweis verstäerkt an ausgedeent. Mir wëllen den ëffentlechen Transport plazeweis duerch Videokameraen a Sécherheetspersonal méi sécher maachen." Et kënnt dann och wéi annoncéiert eng Zort Gemengepolice, op déi de Buergermeeschter direkt Zougrëff huet.
De roude Fuedem am Programm vun der schwaarz-bloer Regierung ass sécher och deen, dass d'Wirtschaft an d'Betriber solle gestäerkt ginn, fir dass Lëtzebuerg een héije soziale Standard kann halen - ganz nom Motto: d'Sue musse mol verdéngt ginn, ier een se ausgëtt.
De Logement ass eng vun Haaptprioritéite vun der neier Regierung. Fir datt d'Schéier tëscht Räich an Aarm net méi grouss gëtt, géing een alles drusetzen, fir datt d'Leit bezuelbar Wunnenge kréien. Staat, Gemengen an de Privatsecteur sollen zesummen eng Wunnengsbau-Offensiv starten.
CSV an DP hu versprach, d'Kafkraaft ze stäerken. Dat wëll een zum Deel iwwert steierlech Entlaaschtungen erreechen. Den éischte Januar gëtt d'Steiertabell un d'Inflatioun ugepasst. A fréistens zwee Joer soll eng komplett Steierreform kommen. Ma bis dohinner sollen awer schonn Erliichterunge fir d'Leit an der Steierklass 1A agefouert ginn. Dernieft solle Jonker, déi grad ufänke mat schaffen, entlaascht ginn.
Fir Steiererliichterungen an eng gutt Sozialpolitik bräicht ee Suen an der Kees. An déi Suen huet een nëmmen, wann et der Wirtschaft am Land gutt geet, esou den neie Premier. Lëtzebuerg bräicht gesond Staatsfinanzen, d'ëffentlech Schold dierft net irresponsabel wuessen. Et wéilt een och alles duerfir maachen, datt de Grand-Duché säin Triple A Rating behält.
En Donneschdeg ass dann den Debat iwwert de Koalitiounsaccord. D'Chamber ass jo, zanter dass en Dënschdeg 21 weider Deputéiert vereedegt goufen, komplett. Neie Chamberpresident ass de Claude Wiseler.
Déi komplett Ried vum Luc Frieden virun der Chamber fannt Dir hei an Textform.