Aacht fréier Ministere goufen assermentéiert, genee wéi 13 Suppleanten, déi fir déi nei Regierungsmemberen noréckelen.

Wann en Dënschdeg de Mëtteg 21 gewielt Deputéiert vereedegt sinn an en neie President gewielt ass, erwaart d'Deputéiert mat véier Sëtzungen direkt eng gutt gefëllt parlamentaresch Schaffwoch.

Et ass déi lescht Charge fir den Interim-Chamberpresident Michel Wolter: d'Assermentatioun vun 21 Deputéierten. Dëst si virop déi aacht fréier Ministeren, déi net méi an der neier Regierung vertruede sinn. Fir déi Gréng: de François Bausch, d'Sam Tanson an d'Joëlle Welfring, a fir d'LSAP d'Taina Bofferding, de Franz Fayot, de Georges Engel, de Claude Haagen an d'Paulette Lenert.

13 Suppleanten ersetzen dann d'Deputéiert, déi an déi nei Regierung genannt goufen.

Fir de Luc Frieden, d'Elisabeth Margue an de Serge Wilmes sinn dëst bei der CSV de Stater Schäffe Maurice Bauer, de Gemengerotsmember Laurent Mosar an de Walfer Schäffen Alex Donnersbach.

Am Südbezierk réckele fir d'Ministere Roth a Mischo d'Suessemer Schäffen Nathalie Morgenthaler an d'Diddelenger Conseillère Françoise Kemp no, wärend am Norden de Jeff Boonen fir d'Agrarministesch Martine Hansen noréckelt. D'Buergermeeschtesch vu Rouspert/Mompech Stéphanie Weydert ersetzt iwwerdeems den Inneminister Léon Gloden.

Bei der DP réckelen am Zentrum de Walfer Conseiller Guy Arendt an de Stater Schäffe Patrick Goldschmit fir d'Ministere Bettel a Backes no. Am Süden ersetzen d'Péitenger Conseillère Barbara Agostino an déi fréier Tennisspillerin Mandy Minella d'Ministere Meisch an Hahn.

Am Oste réckelt de Lënster Schäffe Gilles Baum no, deen och nees wäert d'DP-Fraktioun iwwerhuelen. Am Norde muss bei der DP keen noréckelen, wëll den neie Kulturminister Eric Thill net direkt gewielt gi war.

Op Oppositiounssäit gouf mam Käerjenger LSAP-Schäffen Yves Cruchten just een Deputéierten nei vereedegt, well de Jean Asselborn säi Mandat net unhëlt.

Den neie Chamberpresident rifft zu Bescheidenheet op

De Claude Wiseler (CSV) gouf als neie Chamberpresident gewielt. De Michel Wolter (CSV), de Fernand Etgen (DP) an de Mars Di Bartolomeo (LSAP) sinn d’Vizepresidenten.

Wéi de Claude Wiseler a senger éischter Ried sot, wier et fir hien eppes Aussergewéinleches um Stull vum Chamberpresident ze sëtzen, wat hien och net géing kal loossen. Dat wéinst der Éier an der Charge, déi dëse Stull géing bedeiten. Hien huet de Leit am Sall, déi hien unanime gewielt hunn, Merci fir hiert Vertraue gesot.

Den neie Chamberpresident rifft zu Bescheidenheet op / Diana Hoffmann

Iwwerdeems huet den neie Chamberpresident, d'Regierung an déi Deputéiert dozou opgeruff, bescheiden ze sinn: "Mir sinn, sou wéi mer hei sëtzen, alleguer heihinner geschéckt ginn, fir d'Vollek ze vertrieden, fir am Numm vun de Leit ze schwätzen. Eis Missioun ass, fir aner Leit do ze sinn. Fir eng Stëmm ze sinn, fir déi. déi eis heihinner geschéckt hunn"

An der Chamber misst een elo gemeinsam - Majoritéit an Oppositioun zesummen- , eng Diskussioun iwwert d'Organisatioun vun der Plenière féieren. Iwwert d'Riednerzäiten, d'Roll vun de Rapporter a Spriecher, iwwert d'Méiglechkeet, d'Kommissioune fir de Public opzemaachen an iwwer de Suivi vu Motiounen a Resolutiounen, wou een net ëmmer wéisst, wat domat geschitt, nodeems se gestëmmt goufen.

E Mëttwoch dann ass d'Regierungsdeklaratioun vum Luc Frieden um 14 Auer, éier dann de ganzen Donneschdeg iwwer d'Debatten doriwwer sinn a mer e Gefill vun der neier Oppositioun wäerte kréien. Mat engem Vertrauensvott schléisst dës Chamberwoch dann of.