Erklärungen aus dem KoalitiounsaccordDe Finanzminister Gilles Roth war eng éischte Kéier an der Finanzkommissioun

RTL Lëtzebuerg
Hie war en Dënschdeg de Moien an der Finanzkommissioun vun der Chamber, fir den Deputéierten d'Mesuren aus dem Koalitiounsaccord z'erklären.

Och gouf iwwer de provisoresche Budget fir d’nächst Joer geschwat. D’Presidentin vun der Kommissioun, d’CSV-Deputéiert Diane Adehm, gëtt Rapporterin vun deem Budgetsprojet.

Doriwwer eraus goung et ëm dat rezent Urteel vum Verfassungsgeriicht iwwert Verméigenssteier vun de Finanzgesellschaften, wou d’Geriicht eng ongläich Behandlung festgestallt huet, déi mam Urteel opgehuewen ass.

Wéi vill Steierrecetten dowéinst verluer ginn, konnten de Minister a seng Beamten awer nach net konkret soen. Ma fir déi betraffe ronn 5.000 Firmen ginn d’Steiere fir net ofgeschlossen Steiererklärungen erof.

RTl-News: Méi Netto vum Brutto - Upassung vum Steierbarème: Konkret Rechebeispiller ginn et en Donneschden

Back to Top
CIM LOGO