E Samschdeg den Owend krut d'Police e Fall vun haislecher Gewalt zu Beetebuerg gemellt. E Mann soll seng Partnerin geschloen hunn.

Op Nofro huet de Parquet um Dënschdeg confirméiert, dass e Mann vun 32 Joer an Untersuchungshaft zu Suessem sëtzt. Eng Instruktioun géif lafen.

Am Policebulletin stoung e Sonndeg, dass d'Beamten op der Plaz e Mann an eng Fra ugetraff haten. De Mann wier onkooperativ gewiescht a wier e Sonndeg de Moie beim Untersuchungsriichter gewiescht.

Weider Detailer sinn den Ament net bekannt. Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d'Présomption d'innocence.