
Si konnt kuerz duerno vun de Beamte gestoppt a kontrolléiert ginn, woubäi e Juegdmesser, zwee Klappmesser, eng Loftdrockpistoul an eng kleng Quantitéit Kokain séchergestallt goufen.
D’Beamten hunn ausserdeem festgestallt, datt géint d’Fra schonn eng Rei Fuerverbueter ausgestallt goufen a si mat engem als geklaut gemellte Fürerschäin ënnerwee war. En Drogentest ass bei hir positiv ausgefall. Op Uerder vum Parquet gouf si festgeholl a koum en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.