Si ass déi grouss Iwwerraschung an der neier Regierung: d'Martine Deprez, Ministesch fir d'Santé an d'Sécurité Sociale.

Wéi hir Virgängerin Paulette Lenert, ass och d'Martine Deprez Quereinsteigerin. Opgewuess ass se zu Harel am Éislek, wunnt awer haut zu Diddeleng. Zanter 1986 huet d'Martine Deprez eng CSV-Kaart, huet zwee mol bei Gemengewalen an 2009 och eng Kéier fir d'Chamber kandidéiert. Determinant fir hir Nominatioun als Ministesch war awer wuel der Martine Deprez hir 10 Joer laang Beruffserfarung bei der Inspection Générale de la Sécurité Sociale.

Dat war am Ufank vun hirer Karriär, ier si 2004 als Mathésproff ugefaangen huet mat schaffen. Bis virun zwou Wochen huet si zu Esch am Lycée Hubert Clement enseignéiert. Datt seng Mathésprofessesch zu Minister-Éiere kéim, ass den Direkter Jean Theis net vill éischter gewuer gi wéi de Rescht vum Land: "Vläit ganz kuerz virun deenen aneren, awer net virun den Zeitungen. Déi waren ëmmer nach vir. D'Madame Deprez ass du moies bei mech beichte komm, datt dat hei hire leschten Dag wier."

D'Iwwerraschung am Lycée war grouss, och bei de Schüler, erzielt d'Martine Deprez. Wéi si Mëttwochs an d'Klass komm wär, hätten d'Schüler schonn en Zeitungsartikel un d'Mauer gebeamt an deem spekuléiert gouf, datt si owes als Ministesch presentéiert géif ginn. "Verschiddener haten Tréinen an den Aen. Dat war e schwéiere Moment".

D'Mathéskolleege beschreiwen d'Martine Deprez als eng lëschteg Persoun, mat där gutt ze schaffe wär. Och hiren Engagement an hir Empathie de Schüler géintiwwer gëtt ervirgehuewen. Se kéint awer och mol stuer an déckkäppeg sinn, schmunzelt een.

"Fir d’éischt mol sinn ech extrem konsensfäeg, awer stuer kann ech och sinn," gëtt d'Martine Deprez zou. "Wa mer bis ënnerwee sinn ze diskutéieren a mir hunn eng Richtung ageschloen, da sinn ech dat lescht, wat déi Richtung och erëm a Fro stellt."

Prioritär wëll déi nei Ministesch fir Santé a Sécurité Sociale elo déi finanziell Ofsécherung vun de Pensiounen an der CNS op de Leescht huelen. An der Santé läit de Fokus op de Preventiounsprogrammer, der Fro wéi d'Spideeler fir d'Zukunft sollen opgestallt ginn an dem Iwwerschaffe vum Gesetz vum "virage ambulatoire". Ob dat Iwwerschaffe bedeit, datt IRM'en an aner schwéier medezinesch Geräter an Zukunft och onofhängeg vun de Spideeler a Privatpraxisse wäerten zougelooss ginn, ass nach net kloer.

"Wann ech dat elo scho wéisst, da wär ech e Schrëtt méi wäit", schmunzelt d'Martine Deprez. "Mir musse lo mol kucken, wou d'Diskussioune waren, wéi dee Gesetzesprojet gestëmmt ginn ass. Well ech war jo net an deenen Diskussioune mat dran."

Heiriwwer wëll si elo mol mol intern mat hirem Ministère, dann de betraffenen Acteuren an der Chamber kucken, u wéi enge Riedercher nach kann oder sollt gedréint ginn.