LuxairportEng Partie Flich goufen en Donneschdeg wéinst Niwwel ëmgeleet oder annuléiert

RTL Lëtzebuerg
Gréisser Maschinnen, dorënner am Cargo si weider gelant a gestart.
© Domingos Oliveira / RTL

Um Flughafen um Findel goufe wéinst dem Niwwel eng Rei Airlines Flich zanter en Donneschdeg de Moien ëmgeleet oder annuléiert. Dat huet ons Luxairport op Nofro hi confirméiert.

Et handelt sech ëm kleng Maschinnen. Bei enger Rei Departen ass mat Retarden nach ze rechnen, obwuel den Himmel sech lues a lues nees opkläert.

Gréisser Maschinnen, dorënner am Cargo si weider gelant a gestart. Weider Infoen um offizielle Site!

Back to Top
CIM LOGO