Um Findel ass d‘Decisioun gefall, wien déi nächst Joren den Handling vum Cargozenter um Findel iwwerhëlt.

Déi zwou Lizenzen ginn un Luxcargo Handling, déi nei Duechterfirma vun der Cargolux an Goldair Handling, eng griichesch Handling-Firma. Dat deelt de Mobilitéitsministere en Dënschdeg den Owend mat.

Enn September haten d’Mataarbechter vu Luxair-Cargo e Protest-Piquet um Findel organiséiert, well d’Luxair ugekënnegt hat, si wéilt d’Cargo-Aktivitéiten net weider féieren. Déi ronn 1.200 Mataarbechter hunn Angscht ëm hir Plazen.

Déi nei Cargolux-Duechter Luxcargo huet sech awer géintiwwer Luxair-Cargo verflicht, d‘Kontrakter vun de Mataarbechter z’iwwerhuelen. Am Kontrakt steet, datt Luxcargo ënnert anerem vun der Luxair-Cargo iwwerhëlt: “les obligations et les dettes relatives aux employés dont les contrats de travail sont transférés”.