
De Problem wier visibel, och wann detailléiert Chiffere feelen, wat zudéifst bedauert gëtt. National Léisunge géingen op sech waarde loossen a léiche bei der Chamber am Tirang, soen LSAP, Déi Gréng an Déi Lénk. Ma och op kommunalem Niveau kéinten Efforte gemaach ginn, fir d'Logements-Kris ze bewältegen. D'Majoritéit um Knuedler géif sech awer hannert Excusë verstoppen, gëtt d'LSAP-Conseillère Maxime Miltgen ze verstoen:
"Mir hunn eidel Wunnengen, mir hunn onbebautent Bauland a mir hunn Instrumenter, fir eppes dogéint ze ënnerhuelen. Mä amplaz ze handelen, héiere mer ëmmer nees, firwat et net geet. D'Madamm Polfer schwätzt vun enger Herkulesaufgab, vun enger Sisyphus-Aarbecht."

Zu Esch géing et jo goen, firwat net och an der Stad, froe sech déi dräi Lokal-Sektiounen an hir Vertrieder proposéieren en entspriechend Reglement. D'Oppositiounsparteie fannen, datt eng eidel Wunneng no annerhallwem Joer soll besteiert ginn. De grénge Conseiller Fabricio Costa:
"D' Besteierung géif dann am éischte Joer 50 Euro pro Metercarré ausmaachen, am zweete Joer 70 Euro pro Metercarré an am drëtte Joer wäre mer da bei 100€ de Metercarré. Dat heescht, mir hunn eng Progressioun iwwert d' Joren, fir och doduerch e weideren Incentive ze schafen, fir ze verlounen, bezéiungsweis ze verkafen."
De Bau-Terrain da gëtt besteiert, wann e méi wéi dräi Joer brooch läit. Dono sinn et dat éischt Joer 50€ de Metercarré, dat zweet Joer 100€ an dat drëtt Joer dann 150€ de Quadratmeter, pro Joer.
Bei de Logementer sollen awer Plaffonge gëllen an allgemeng sollen Ausname spillen; bei Ëmbauaarbechten, am Fall wou eng Persoun an eng Alters-Struktur geet oder bei Successiouns-Prozeduren. Allerdéngs gëllen d'Exceptioune just temporär, wärend zwee bis dräi Joer.
Den David Wagner vun Déi Lénk verweist drop, datt vill eidel Logementer an Terrainen an der Stad an den Hänn vu wéinege Firmen a Leit sinn. Allgemeng huet de Conseiller de Verdacht, datt et der blo-schwaarzer Majoritéit net ëm déi sozial schwaach gestallte Leit geet.
"Ech mengen et ass am Interêt vun der CSV an der DP dofir ze suergen, datt besser betuchte Leit hei an der Stad wunnen. Op d'Dauer ass dat elektoral méi interessant. Ass dat vläicht och eng Rechnung? Oder hu si selwer drun ze gewannen?"
D'Reglement gëtt e Méindeg am Laf vum Mëtteg am Gemengerot proposéiert.