
Den Detachement vu rumänesche Polizisten op Lëtzebuerg gëtt ëm 6 Méint verlängert. Dat seet den Inneminister Léon Gloden a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.
D‘Zesummenaarbecht mat den zwee Kolleegen aus Rumänien wier positiv verlaf. Doduerch wieren déi Lëtzebuerger Beamten och méi iwwer d‘Profiller, d‘Liewensëmstänn an d‘Mobilitéit vu Leit gewuer ginn, déi am Verdacht stinn a Mënschenhandel oder organiséiert Heescherei involvéiert ze sinn.
Datt déi rumänesch Kolleege bei Patrullen derbäi waren, wier och eng wichteg Plus-Value gewiescht, notamment well si d‘Sprooch, genee wéi de sozialen a kulturelle Kontext vun de concernéierte Leit kennen. Bei Kontrolle vu Leit, wier et, duerch dee méi enke Lien zu de rumäneschen Autoritéiten, dann och méi einfach gewiescht geziilt z‘iwwerpréiwen ob et Verbindungen zu kriminellen Aktivitéiten oder Ausbeutungsstrukture ginn, esou de Minister weider.
Fir déi zweet Missioun, vun nach eng Kéier 6 Méint, sollen iwwerdeems nei rumänesch Policebeamten op Lëtzebuerg kommen.