E groussen Ordre du Jour mussen d'Ministeren e Mëttwoch am Regierungsrot op Niklosdag wuel net gehat hunn.

Offiziell gëtt just vun engem butzege Punkt geschwat, op dee sech d'Ministere gëeenegt hunn.

Dëst ass de legalen Zëns-Taux, dee fir d'nächst Joer op 4,5% fixéiert gëtt, deen Taux, deen als Basis fir d'Berechnung vun Zënse bei Verspéidung vun zB Payementer festgehalen ass.

Wat soss nach vun der Ekipp Frieden/Bettel debattéiert gouf, gëtt de Public net gewuer - op d'mannst ginn d'Deputéiert dëser Deeg jo nach emol iwwert den Detail vum Regierungsprogramm vun de Ressort-Ministeren an d'Bild gesat.

Dat selwecht mécht de Premier Frieden den nächste Méindeg och, wann hien d'Chamber am Virfeld vum EU-Conseil iwwert d'Lëtzebuerger Positiounen an d'Bild setzt.