
D’Adress déi elo nach zielt ass also eenzeg an eleng “CNS L-2980", all aner Adresse wäerten am Ufank vum neie Joer net méi existéieren. D’Gesondheetskeess zentraliséiert vum 1. Januar un hire komplette Courrier op hire Sëtz am Garer Quartier.
Sou kéinte “Prozesser optiméiert” ginn, fir sou de Service ze verbesseren a méi effizient ze ginn, sou d’CNS selwer an engem Post op de soziale Medien.
Et gëtt awer betount, dass d’Bréifkëschten, déi baussent den Agencen installéiert sinn, weider do wäerte stoe bleiwen an och vun de Clientë kënne benotzt ginn.