Dat soten den Aarbechtsminister Georges Mischo an de Wirtschaftsminister Lex Delles no Gespréicher mat de Gewerkschaften OGBL an LCGB.

Nodeems sech e Freideg de Moie Gewerkschaften a Patronat wéinst der Kris am Bausecteur getraff haten, waren et mëttes zwou Entrevue vum Aarbechtsminister Georges Mischo an dem Wirtschaftsminister Lex Delles mat de Gewerkschaften OGBL an LCGB am Aarbechtsministère. Dobäi ass een enger Léisung vun der Baukris ee gudde Krack méi no komm.

D'Regierung huet annoncéiert, datt si ee Plan de maintien dans l'emploi sectoriel ënnerstëtzte wäert. De Wirtschaftsminister Lex Delles huet dobäi präziséiert, datt esou ee Plang net dee ganze Bausecteur mat senge ronn 60.000 Beschäftegte betreffe géif, mee "just" déi 20.000 Salariéen, déi am Héichbau schaffen. Fir dat ze garantéieren, gëtt et dem Lex Delles no och déi néideg Instrumenter.

"Ee Plan de maintien ass sou, datt een no NACE-Code ka fueren. Dat heescht Betriber, déi an engem gewësse Secteur schaffen. Do ass net een NACE-Code Baubranche, do ass een NACE-Code Héichbau, also génie technique, génie civile, dat ass een NACE-Code. Et gëtt een NACE-Code fir d'Elektriker, et gëtt een NACE-Code fir d'Façadieren,  sou datt een do vun enger Panoplie vun NACE-Code ka schwätzen. Sou datt een also ganz genau ka cibléieren, wie vun engem Plan de maintien dans l'emploi wier."

Baukris: Léisung ass en Vue (Reportage Marc Hoscheid)

Fir d'éischt musse sech awer mol nach d'Patronat an d'Gewerkschaften eens ginn. Woubäi een net vun enger gemeinsamer Gewerkschaftspositioun schwätze kann. Den LCGB war vun Ufank u fir ee Plan de maintien dans l'emploi  an domadder op der Linn vum Patronat. Wärend d'Patronat wëll, datt all Betrib d'selwecht behandelt gëtt, argumentéiert de Robert Fornieri, Koordinateur fir Bau an Handwierk beim LCGB mat där héijer Zuel vu betraffenen Entreprisen.

"Si on voudrait rentrer dans la logique de négocier des plans de maintien dans l'emploi individuels pour toutes cettes entreprises, bon on va plus faire que ça. On va inoder le comité de conjoncture avec aux moins une centaine de plans de maintien dans l'emploi, qui à la fin du compte va utiliser les mêmes mesures et les mêmes critères pour chaque entreprise."

De Lex Delles gëtt sengersäits zudeem ze bedenken, datt et sech dacks ëm kleng Betriber handelt, wou de Patron guer net d'Zäit hätt, fir niewelaanscht ee Plan de maintien dans l'emploi ze verhandelen.

De Jean-Luc De Matteis, Responsabel fir de Bau beim OGBL, gesäit allerdéngs eng Gefor.

"Fir eis ass et wichteg, datt mer lo net hei mat der Géisskan iwwert dee ganze Secteur fueren. Well dann och Betriber dovunner géinge profitéieren, dee se net braucht. Dat ass ee vun den Haaptgrënn, firwat mer lo bei de Betriber sinn. Well mer net wëllen, datt ee Betrib staatlech Suen, Subventioune kritt, déi en net braucht."

Bei de Verhandlunge musse sech déi dräi Acteuren also nach e bëssi openeen zoubeweegen. Fir d'Suerg vum OGBL, deen am Secteur majoritär ass, datt och Betriber vun den Hëllefe profitéiere kéinten, déi se guer net brauchen, ze zerstreeën, ass d'Regierung op alle Fall bereet, verschidde Krittären anzeféieren, déi definéieren, ob ee Betrib eligibel ass. D'Gewerkschaft dierft zudeem drop bestoen, datt een eng Verbesserung vum Kollektivvertrag am Bausecteur an Aussiicht gestallt kritt. Et kann een dervun ausgoen, datt et zimmlech séier zu weidere Gespréicher tëscht Patronat a Gewerkschafte komme wäert.

Weider Infoe fannt Dir hei: