
Den Inneminister Léon Gloden hat e Mëttwoch wärend 3 Stonnen an der zoustänneger Kommissioun den Deputéierten de Volet vun der bannenzeger Sécherheet aus dem Koalitiounsaccord presentéiert. An dësem Kontext war och iwwert d’Gemengepolice, déi soll agefouert ginn, diskutéiert ginn. Riets goung och iwwert d’Heescheverbuet an der Stad.
Fir d’Oppositioun war awer och no der Sëtzung net kloer, wéi eng Attributiounen a Responsabilitéiten de Buergermeeschter vis-a-vis vun enger Gemengepolice soll kréien. “De Minister konnt eis och nach net soen, wat genee d’Attributioune vun der Gemengepolice selwer sinn”, huet den LSAP-Deputéierten a Buergermeeschter vun Diddeleng, den Dan Biancalana, ënnerstrach. Et wiere Staatsbeamten, déi dem Buergermeeschter zur Dispositioun stéingen. Weider Detailer hätt een nach keng kritt. Flagrant fënnt den Deputéierten, dass d’Gemenge solle beim Finanzement vun enger Gemengepolice contribuéieren. D’LSAP freet sech, ob dann déi Gemengen, déi finanziell besser gestallt sinn, och méi Poliziste kéinten hunn. Deemno géingen nach vill Froen am Raum stoen.
Och de Meris Sehovic, Deputéierte vun déi Gréng, fënnt, dass d’Regierung géing d’Gemengepolice héichstiliséieren als Léisung fir alles. D’Iddi, dass d’Gemenge beim Finanzement mat an d’Verantwortung geholl ginn, wier “eng nei Donnée, déi am Walkampf a bis elo ni ze héiere war”. Hie géing sech dogéint wieren, well d’Gemenge schonn enorm vill Responsabilitéite bäikritt hätten. “Et wier de falsche Wee, d’Gemengen an dee Finanzement vun där Police mat eranzehuelen”, sou den Deputéierten.
Den Inneminister Léon Gloden huet betount, d’Buergermeeschter hätten d’Obligatioun, fir d’Sécherheet, d’Rou an d’Salubritéit vun der Bevëlkerung ze suergen a bräichten dofir och Moyenen. Eng Gemengepolice wier e wichtegen Aspekt vun der Preventioun, huet de Minister ënnerstrach. Bei der lokaler Police géing et sech ëm eng bestëmmten Unitéit bannent der Police handelen, déi dann och mat den Agents municipaux soll zesummeschaffen.