
Wéi de Statec an enger Publikatioun schreift, sinn 13 Prozent vun de Lëtzebuerger Residenten aus eisen direkten Nopeschlänner: Däitschland, Frankräich an der Belsch. Dës liewe virun allem ronderëm d‘Stad an an de Grenzgebidder vun do, wou se hierkommen.
Déi portugisesch Residente maache ronn 11,3 Prozent vun eiser Gesamt-Populatioun aus a sinn domadder nach ëmmer déi wichtegst Migratiouncsommunautéit am Grand-Duché. D‘Portugise wiere virop konzentréiert am Süde vum Land am Kanton Esch an am Nord-Osten an de Kantone Klierf, Veianen, Iechternach a ronderëm d‘Fiels.
D‘Immigranten, déi vun ausserhalb der EU kommen, maache 15,5 Prozent vun der Populatioun aus a sinn och de Grupp, deen am meeschten an de leschte Joerzéngte gewuess ass. Doranner si vertruede Leit aus China, dem Montenegro, Indien, dem Cap-Vert, dem Kosovo, Brasilien, Russland, dem Maroc an Tunesien.
Zanter enger Rei Joren ass Lëtzebuerg bannent der OECD op der 2. Plaz, wat d‘Unzuel vun Asyl-Demandeure pro Kapp ugeet, direkt hannert Griicheland. Dës Immigrante si verdeelt op dräi Stied uechter de Grand-Duché: Lëtzebuerg, Esch a Wolz.