
An der Nuecht vum 22. op den 23. Dezember koum et zu enger Konfrontatioun tëscht engem Sécherheetsagent an engem Client an enger Péitenger Disko. De Client ass dobäi gefall a gouf esou schwéier verwonnt, dass e kuerz drop verstuerwen ass, esou d’Informatioune vum Parquet.
De 57 Joer ale Mann vum Sécherheetsservice gouf wéinst coups et blessures volontaires, respektiv onfräiwëllegem Doutschlag festgeholl a koum op Suessem an Untersuchungshaft.
An Tëschenzäit ass de Mann rëm op fräiem Fouss a gouf ënner “Contrôle judiciaire” gestallt. Dat huet de Parquet eis op Nofro hi confirméiert. D’Fräiloossung gouf vun der Chambre du Conseil vum Bezierksgeriicht den 29. Dezember 2023 decidéiert mat der Begrënnung, dass d’Konditioune fir eng Untersuchungshaft net méi erfëllt wieren.
E presuméierten Täter muss an Untersuchungshaft bleiwen, wann d’Gefor besteet, dass dëse sech duerch d’Bascht mécht, méiglech Beweiser manipuléiert oder de Risk besteet, dass de Concernéierte weider Strofdote begeet.
Iwwerdeems gouf d’Autopsie vum Doudesaffer ofgeschloss an de Kierper un d’Famill iwwerginn. D’Begriefnis vum Verstuerwene wier nach dës Woch, wéi den Affekot vun der Famill eis matgedeelt huet.
D’Doudesursaach respektiv aner Detailer vun der Autopsie huet de Parquet net matgedeelt.