Ministesch wëll op Bedenke vu Justiz lauschteren, hält awer u Pläng fest
D'Prozeduren an der Justiz sollen alleguer op de Leescht geholl ginn, mam Zil se méi kuerz ze maachen.
Dat wënscht sech d'Justiz selwer an huet déi zoustänneg nei Ministesch Elisabeth Margue och esou annoncéiert. Ee vun de grousse Probleemer vun der Lëtzebuerger Justiz sinn d'Prozeduren. Et dauert villes einfach ze laang. Ma dat war net déi eenzeg Doleance, déi Geriicht a Parquet hir mat op de Wee ginn hunn.
Um Neijoerschpatt vun der Justiz e Mëttwoch an der Stad war dowéinst och déi geplangte Comparution immédiate en Thema. Iwwert dee Wee solle jo Leit, déi in flagranti bei enger Strofdot erwëscht ginn, méi séier kënne verurteelt ginn. D'Procureur général d'Etat, Martine Solovieff, huet dozou eng ganz Rei Bedenke geäussert.
"Et ass also einfach ze soen, mir féieren d'Comparution immédiate an am Respekt vun den Droit de la défense, mee an der Praxis wäert dat méi eng gréisser Reform mat sech bréngen. Ech muss drop hiweisen, dass d'Belsch tatsächlech 2000 probéiert haten a schonn 2002 huet d'Cour constitutionnelle dat Gesetz op e puer Punkten annuléiert, ebe just wéinst dem Droit de la défense, well dat net konform war mam Artikel 6 vun der Mënscherechtskonventioun."
Bedenken, déi vun der Ministesch gehéiert goufen, ouni, dass dat si awer dovun ofhält dee Projet unzegoen.
"Ech verstinn Är Bedenken zu deem Projet. Mee ech kucke mer dat elo mol un. Mir hunn an éischtens an der Belsch an a Frankräich hate mer sou Prozeduren. D'Belsch denken och erëm no erëm eng Prozedur esou anzeféieren, mat Garde-à-vuen, well se soen: d'Situatioun ass net méi déi selwecht wéi 2000. D'Rechter, d'Droits de la défense sinn entretemps ganz anerer. Wat och en Deel vum Grond war, firwat d'Decisioun, also dee Projet deemools gekippt gi war. Ech wëll mer ukucken, wat am Ausland gutt leeft, wat schlecht leeft. An am Fong och d'Occasioun huelen, fir dann dat Bescht draus ze maachen."
Et ginn e sëllege Chantieren an der Cité judiciaire an een dovun ass den akute Plazmanktem, esou de President vun der Cour superieure, Thierry Hoscheit. D'Justiz ass an de leschte Joren immens gewuess, ma elo scho sinn déi ronn 600 Mataarbechter op fënnef Sitte verdeelt. Dowéinst wënscht hie sech vun der Ministesch, dass Gebaier, déi ronderëm den Helleggeescht-Plateau fräi ginn, prioritär fir d'Justiz genotzt kënne ginn.
"Ech si mer bewosst, déi zwee Punkten, déi ech elo ugeschwat hunn, Gebailechkeeten, Effektiver, dat kascht Suen. Jo, dat kascht Suen. Domat muss een ee beliewen. Ech si mer och bewosst, datt et aner Schrauwe gëtt, un deenen ee kann a muss dréien, fir eis Prozedure méi effikass ze maachen. An d'Informatisatioun, d'Digitalisatioun musse mer virundreiwen an an an. Et gëtt eng ganz Rei aner Saachen. An dat sinn Detailer. Projeten, Punkten, iwwert déi mer natierlech iwwert déi nächst Wochen a Méint musse mam Ministère kucken, wéi mer do weiderkommen, fir dat wierklech aktiv virunzedreiwen."
D'Zuel vun de Riichter soll an den nächste Joren nach eng Kéier ëm 70 Prozent an d'Luucht goen. Derbäi kënnt dat néidegt administratiivt Personal. D'Justiz deet sech awer ëmmer méi schwéier déi néideg Leit dofir ze fannen. E weidere Probleem, deen d'Ministesch wëll ugoen.
"An dat ass vläicht och, well déi aktuell Gesetzgebung eis net déi Méiglechkeete gëtt, fir datt mer déi néideg Leit fannen. An, an deem Sënn wäert ech ganz oppen un eng Diskussioun erugoen, fir ze iwwerleeën, wéi ee kann och e bësse kucken, wat am Ausland ass, fir vläicht de Krees vun deene Leit, déi géifen a Fro kommen, fir an d'Magistratur ze kommen eventuell ze erweideren an do gewëssen Upassungen ze maachen, wann et ëm den Accès geet vu Justiz, sachant, datt dat natierlech muss mat iech all geschéien an datt dat net soll vun uewen erof diskutéiert ginn."
Op alle Fall wëll d'Elisabeth Margue jidderengem nolauschteren, dofir huet si an den nächste Wochen nach eng ganz Rei Reunioune mat all den Acteuren. Duerno wëll si da mat hire Servicer kucken, wat ka gemaach ginn, fir d'Justiz méi effikass an d'Aarbechtskonditioune fir d'Mataarbechter esou agreabel wéi méiglech ze maachen.