Se kommen op eng Waardelëscht. D’Konsequenz ass, datt eng Rei vun hinne op der Strooss landen oder si gi vun der Wanter-Aktioun opgefaangen. Et sinn der awer och, déi fille sech op der Strooss méi sécher.
Op der Sich no Schutz viru Wand a Reen huet et eng Rei Flüchtlingen iwwert déi lescht Wochen ënnert de Pond Adolphe gezunn. Zanter Enn Oktober hu réischt zwee aus deem Grupp e Bett an enger Institutioun kritt. Véier neier sinn dobäikomm.
De Khor, Ahmad a Mahmoud kommen aus dem Sudan a schlofen zanter annerhallwem Mount gréisstendeels dobaussen.
Khor, Flüchtling aus dem Südsudan, zanter 2021 op der Flucht:
“Dat si meng Saachen. Dat ass wéi ech schlofen. Et ass ... relativ kleng a mir sinn zu zwee. Ech a mäi Kolleeg hei. Dat si meng Saachen.“
Ausser Kleeder a senge Pabeiere fir eng Protection internationale besëtzt den Khor näischt méi. Wat haut bleift, ass en Handy an e puer digital Erënnerungen.
“Wéi laang sidd der scho bestuet?
Khor: 4 Joer.
Ass dat äre Fils op der Foto?
Khor: Jo!
Tim: A si sinn allen 2 an Ägypten?
Khor: Jo!
Khor: An dat hei war a Bulgarien. Dat war d‘Police.
D‘Police huet iech ugegraff?
Khor: Jo, mir goufe vun der Grenzpolice gestoppt. Ech war mat e puer Flüchtlingen aus Syrien ënnerwee. Mir goufen zerschloen a kruten all eis Wäertsaache geklaut.“
Zanter 2021 ass de Khor op der Flucht. Vum Süd-Sudan fort. A Libyen kënnt hien net eran. Hie bezilt eng Agence, fir op Dubai a vun do aus an Europa ze kommen. Déi ass awer fake. Zu Dubai ukomm, lant hien ouni Suen, just mat engem Rucksak, op der Strooss. No engem deels brutalen Tour un den EU-Grenze lant hien am Dezember zu Lëtzebuerg
„Ech krut gesot, datt ech waarde muss. Si hu weider Informatiounen a Pabeieren aus Bulgarien ugefrot.“
D’Wanteraktioun ass näischt fir de Sudanees a seng Kolleegen. Lëtzebuerg huet Stand 8 Januar 78 männlech Dubliner op der Waardelëscht fir e Bett. Eng Rei vun hinne ginn op de Findel, mee, esou d’Carole Reckinger, Porte-Parole vun der Caritas:
„Déi ginn net dohinner och, well se deelweis jorelaang traumatesch Reesen hannert sech hunn, fir heihinner ze kommen an dacks ganz schlecht Erfarungen an Campe gemaach hunn, wou se deels agespaart, zerschloen an hir Rechter mat Féiss getrëppelt goufen. Do ass bei verschiddenen eng Retizenz fir an e geschlossene Raum ze goen. “
Et géif een iwwerdeems a Gespréicher mat de Betraffene rausfannen, datt se net onbedéngt “Dubliners” sinn an awer ënnert déi nei Reglementatioun falen – just well Fangerofdréck geholl goufen.
„Et gëtt ee seng Fangerofdréck of. Dat heescht awer net, datt ee awer net, datt een direkt eng Demande mécht. Déi Flüchtlingen, déi iwwer Italien kommen, maachen dat dacks net. Zu Lampedusa ginn d‘Fangerofdréck gespäichert. Da gi se op Kalibrien a Sizilien bruecht. Da ginn déi Betraffen opgefuerdert, d’Demande selwer ze stellen. Vill vun hinnen awer ginn direkt Richtung Norden virun.“
Den zoustännege Ministère wéist sech skeptesch, wëll awer nofuerschen:
Max Hahn, Minister fir Famill an Accueil: „Op d‘mannst sinn dat net Consignen, déi d‘Leit um Terrain kruten. Ech mengen och net, datt dat eng Realitéit ass. Wann et där Fäll sollte ginn, da gëtt dat analyséiert.“
Egal wéi heescht et fir de Khor, Ahmad, Mahmoud a co gedëlleg bleiwen a waarm apaken. Well déi nächst Nuechte bleiwen där kaler.