“Ech hu géint d’Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg verstouss”, seet de Christian Kmiotek. Den 29. Januar war hien um Bord vun enger Maniff géint d’Heescheverbuet bei eng Partie Leit gaangen, an huet si ëm Sue gefrot. Hien huet geheescht. Lo wëllt hie wëssen: Steet dat ënner Strof oder net?
Fir Kloerheet ze kréien, huet hie sech bei der Police gemellt, wollt erziele wat hie gemaach huet. De Polizist sot awer, am Code pénal géing beim entspriechenden Artikel d’Wuert “abrogé” stoen an huet gefrot, ob hie wéisst, wat dat géing bedeiten. “Ech sot Jo, dat heescht ofgeschaaft”, sou de Christian Kmiotek. Mee et géing schliisslech Juriste ginn, déi de Géigendeel behaapten.
De Mann huet dofir drop bestanen, trotzdeem seng Plainte ze maachen. En Dënschdeg de Moien ass hien op d’Kommissariat an der Haaptstad virgeluede ginn. Hei gouf e Procès verbal geschriwwen. Hei gouf festgehalen, wéi hie virgaangen ass beim Heeschen, wéi dacks en dat gemaach huet, wat d’Beweeggrënn waren, a wien Zeien. Als nächst géingen dës Zeie gehéiert ginn, ier de Procès verbal un de Parquet geet.
De Parquet decidéiert dann, wéi et weidergeet. Ob d’Affär klasséiert gëtt oder ob d’Geriichter nees eng Kéier tranchéiere wäerten. Wann et e Suivi gëtt, kënnt d’Affär fir d’éischt op d’Policegeriicht, wat fir Verstéiss zoustänneg ass a Geldstrofe ka spriechen. Bei engem Appell géint d’Urteel geet et weider un d’Bezierksgeriicht. Do kënnen d’Riichter, wann d’Konditiounen erfëllt sinn, eng verfassungsrechtlech Fro (Question préjudicielle) un d’Verfassungsgeriicht stellen. An deem Fall géing gekläert ginn, ob d’Heescheverbuet aus dem Reglement vun der Stad Lëtzebuerg géint d’Gesetz oder d’Verfassung verstéisst oder net.
Eng Fro, déi net déi éischt Kéier géing gekläert ginn. “Et gëtt e puer Urteeler aus 2. Instanz, déi confirméiert hunn, dass d’Mendicité simple ofgeschaaft ass. Egal wat aner Leit dobausse soen. An un déi Geriichter hale mir eis och”, sot de Procureur vum Bezierk Lëtzebuerg, de Georges Oswald, Mëtt Januar am RTL-Interview. De Parquet wäert d’Procès-Verbauxen, déi op Basis vum Artikel 42 vum Gemengereglement gemaach gi sinn, sammelen, an d’Leit dann och eng Kéier op d’Policegeriicht zitéieren, schreift d’Pressestell vun der Justiz op Nofro hin.
De Christian Kmiotek ënnersträicht, hien hätt sech stellvertriedend fir Leit déi heeschen denoncéiert. Fir dass en Urteel géing gesprach ginn, wou d’Heescheverbuet ee fir allemol gekläert ass. Fir d’Mënscherechter a fir de Rechtsstaat. Wann dat net passéiert, hätt hie mat senger Aktioun gewisen, dass dat einfacht Heeschen an der Haaptstad net verbueden ass. Dass et e Mënscherecht ass, iwwert dat et jo och schonn Urteeler ginn.