Kuerz no de Wale war den zukünftege Finanzement vum Lëtzebuerger Pensiounssystem ee vun de groussen nationalen Theme ginn.

Déi nei Sozialministesch Martine Deprez huet den Dossier direkt op de Leescht geholl. Et soll näischt iwwerstierzt ginn, mä et ass gewosst, et kann net esou weider goen wéi bis ewell.

De Mouvement écologique bréngt elo ee weideren Aspekt mat an d'Diskussioun. An do geet een iwwert de Volet vun deem reng Finanziellen eraus. D'Ëmwelt-Associatioun stäipt sech op d'Analys, déi se bei WIFO – dem Institut fir Wirtschaftsfuerschung an Éisträich an Optrag ginn huet - mat der Fro, wéi laang den aktuelle Lëtzebuerger Pensiounssystem d'Strooss nach hält.

Conclusioun: Wat mir elo hunn, wier ee System, dee quasi gezwongen ass, op Wuesstem op ze bauen an dee weder nohalteg ass, nach effizient finanziell ofgeséchert.

Et géif ee sech bei de Berechungsmodeller fir d'Prognosen ze optimistesch weisen. Et géif ganz vill Onsécherheete ginn:

Bei den Depense wier de Pronostic nach relativ plausibel, well deen op der erwaarter demographescher Entwécklung baséiert. Bei de Recette wier et scho méi flou, well ee sech bis 2070 wéi gesot haaptsächlech op Wuesstem setzt.

Do wier emol d'Populatioun mat no un 800.000 Awunner am Joer 2070, enger aktiver Populatioun, deen Ament vun aktuell eppes iwwer 460.000 op 630.000, eng Hausse vun 2,3%, vu Leit, déi an d'Pensioun ginn op am Joer 2070 dem dräifache vum aktuelle Stand mat geschat méi wéi 600.000 Persounen an der Pensioun.

Dat wier a 50 Joer quasi ee Pensionéierte pro Aktive bei enger Hausse vun der Produktivitéit ëm 1,2% d'Joer an engem järleche Plus vun 1,8% beim PIBan der Moyenne déi d'Land brauche géif.

Fir de Mouvement tabléiert een op eng frenetesch Course vum Wuesstem. Dat géif awer zu engem enorme Verbrauch u Ressourcë féieren. Do géifen nei Technologien, ee méi dicht a méi héicht Bauen oder nach méi Effizienz beim Notze vun Ressourcen net duergoen, fir déi selwer opgezwongen Hausse vum PIB an eng Populatioun, déi stänneg wuesse muss, ze verkraaften.

Et wier een op engem ökologeschen Holzwee, well d'Nohaltegkeet net beuecht géif ginn.

Och ekonomesch gesinn, géif een op dënnem Äis goen, well et vill Inconnue géif ginn Beispill d'Entwécklung vun der Groussregioun an d'Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg mat do méiglech Changementer beim Flux vun de Frontalieren, déi aktuell eng Stäip beim Finanzéiere vum System sinn.

Och déi néideg Hausse vu Produktivitéit pro Kapp vun 1,2% d'Joer misst kritesch hannerfrot ginn.

Fir de Mouvement soll een d'Pensiounsdiskussioun mat méi Fantasie ugoen, ewech vum rengen Wuesstems-Dogma eriwwer zu enger méi nohalteger ekologescher, sozialer an och ekonomescher Entwécklung wou déi zukünfteg Generatiounen an d'natierlech Liewensgrondlagen zesummen am Fokus stinn.