Zanter dem 15. Januar438 Persoune goufen an der Stad oder op der Gare kontrolléiert

RTL Lëtzebuerg
Dee Chiffer huet den Inneminister Léon Gloden en Dënschdeg de Mëtteg am Kader vun der Froestonn an der Chamber genannt.

Dat am Kader vum Dispositiv vun der Police fir verstäerkt present ze sinn am ëffentleche Raum, fir d’Drogebekämpfung, d’illegal Immigratioun an d’organiséiert Heescherei.

D’Stater Buergermeeschtesch hat en Tëschebilan vum Dispositiv gefrot.

Vun den 438 Persounen, déi kontrolléiert goufen, hätte 5 sech net direkt konnten ausweisen an hu misse vun de Beamte matgeholl ginn. 2 Fäll vun Heescherei goufen notéiert, dovunner war een de fréiere Grénge Co-Parteipresident Christian Kmiotek. 11 Drogendelikter mat dovunner 2 Verhaftungen huet de Léon Gloden genannt an 61 Mol koum et zu engem Plazverweis. Dat wieren d’Chifferen tëscht dem 15. Januar am 22. Februar.

Dobäi kommen d’Infraktiounen, déi bei der Groussaktioun vun der Police zesumme mat der ITM de 7. Februar am Garer Quartier festgestallt konnte ginn. Den Dispositiv géif weider lafen an d’Situatioun géif weider evaluéiert ginn, huet de Léon Gloden nach betount.

Back to Top
CIM LOGO