
En Donneschdeg hat d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes un engem Treffe vun de Verdeedegungsministeren deelgeholl, deen op Demande vu Frankräich per Videokonferenz organiséiert gouf.
De Grand-Duché bedeelegt sech dann och zesumme mat der Belsch a mat Holland un der tschechescher Initiativ, fir weider Munitioun vum selwechten Typ baussent der EU ze kafen, déi der Ukrain soll ze gutt kommen. Finanziell Detailer ginn et do bis ewell net.
Lëtzebuerg géif zesumme mat Estland awer och eng Leader-Roll spillen, fir dat ukrainescht Militär bei de Kommunikatiounscapacitéiten an der informatescher Infrastruktur ze moderniséieren.