
Als méigleche Reproche steet ënnert anerem Abus de Confiance, also Vertrauensbroch, am Raum. D’Denonciatioun riicht sech géint de Generaldirekter vun der “Caisse Médico Complémentaire Mutualiste”, mat der CMCM als Victime vun deem Abus. D’Denonciatioun baséiert um Artikel 23 vum Code de procédure pénale, deen, graff resuméiert, beseet, dass ënnert anerem ee Minister, dee vu Faite Kenntnis kritt, déi kéinten ee Crime oder Delikt duerstellen, de Procureur doriwwer informéiere muss an dem Parquet och all Akten an Dokumenter muss ginn, déi eppes domadder ze dinn hunn.
Déi zoustänneg Ministesch Martine Deprez huet um Mëttwoch de Moien d’Deputéiert an der Chamberkommissioun gebrieft.
Hei de respektive Wortlaut vun dësem Artikel op Legilux.lu:
Toute autorité constituée, tout officier public ou fonctionnaire, ainsi que tout salarié ou agent chargés d’une mission de service public, qu’il soit engagé ou mandaté en vertu de dispositions de droit public ou de droit privé, qui, dans l’exercice de ses fonctions, acquiert la connaissance de faits susceptibles de constituer un crime ou un délit, est tenu d’en donner avis sans délai au procureur d’Etat et de transmettre à ce magistrat tous les renseignements, procès-verbaux et actes qui y sont relatifs, et cela nonobstant toute règle de confidentialité ou de secret professionnel lui étant applicable le cas échéant.
RTL-News: Amateurhafte Remuneratiounssystem - Weider erstaunlech Chifferen am Dossier CMCM
RTL-News: Chamberkommissioun - D’Politik wëll am Dossier CMCM den Ament näischt iwwerstierzen
RTL-News: Remmidemmi a keen Enn - Weider Plaintë bei der CMCM no engem Meeting vum Conseil
RTL-News: Suivi CMCM - Assurancësecteur wëll Kloerheet bei den Zousazversécherungen
RTL-News: CMCM - Assignatioun géint d’Revocatioun vum President
RTL-News: Situatioun bei der CMCM - André Heinen kontestéiert Revocatioun, Gewerkschafte verlaangen en Audit
RTL-News: Changement an Nowéie bei der CMCM - Vertrauensverloscht géigeniwwer alem President
RTL-News: CMCM - E puer Äntwerten a weider Froen
RTL-News: Rumouers bei der CMCM - Aacht Membere vum Verwaltungsrot wëllen de President ofsetzen