Et huet mat Kritik um Generaldirekter ugefaangen a soll elo de President vum Conseil de Poste kaschten.

D'CMCM ass de Meeschten e Begrëff, wann et drëm geet, een Deel vun deem Montant rembourséiert ze kréien, fir deen d'Krankekeess net opkënnt. Bal 300.000 Leit si Member bei der CMCM.

Do rumouert et hannert de Kulissen. Schonn am Mee 2022 hat de Gros vun den iwwer 70 Leit, déi bei der Mutuelle schaffen, an engem Bréif un de President Heinen frontal op de Generaldirekter Secci geschoss. Se hunn him Gemauschels, Favoritismus an aner Forme vun Nepotismus, op Däitsch Vetternwirtschaft, reprochéiert. En anere Reproche war, dass de Generaldirekter um Beispill vun der Gestioun vun der COVID-Kris bei der CMCM Waasser gepriedegt hätt, mä Wäin gedronk soll hunn.

E Putsch bei der Caisse médico-chirurgicale? / Jean-Marc Sturm

Dono hat een d'Impressioun, dass dat Ganzt am Sand verlafe géif, mä et huet weider am Dëppe gegäert. Mam Resultat, dass den Deckel vun deem Dëppen dem President vum CMCM-Verwaltungsrot op de Kapp geflunn ass. 8 Leit aus dem Verwaltungsrot hunn Drock gemaach, fir direkt eng Sëtzung vum Conseil anzeberuffen, fir do mat "effet immédiat" de President, seng Vize-Presidenten an de Generalsekretär ofzesetzen.

De President André Heinen ass där Demande op Basis vun de Statuten net nokomm an huet dogéint eng Assemblée am Abrëll proposéiert, wou dat Ganzt soll diskutéiert ginn.

8 Leit vum Conseil hu sech en Dënschdeg den Owend trotz dem Refus an ouni d'Presenz vum President Heinen gesinn, fir deen duerch een aus hire Reien, de Gilbert Goergen, ze ersetzen. Den André Heinen war bis an de spéide Mëttwochmoien era vun deem neie Kapitel net an d'Bild gesat ginn. Hien hält de Wee vun enger Assemblée générale fir déi propperst Léisung, well do all d'Vertrieder vun de Membere kéinte Positioun huelen: "Op den Orde du jour hunn ech schreiwe gelooss, de ganzen CA soll revoquéiert ginn an et soll een neie gewielt ginn, dass déi Leit een neie Start kënne maachen, well mer an enger Situatioun ebe sinn, wou Leit net méi mateneen eens ginn, wou awer keng Accusatiounen do leien. Ech mengen, et kann ee wuel ee President ofseeën einfach esou, mä dat mannst wier ze soen, deen huet dat an dat falsch gemaach,  an dann hëlt hie Stellung dozou. Mä dat ass a kengem Moment geschitt bis elo."

E Mëttwoch an der Mëttesstonn soll d'Personal vun der CMCM vun der selwer-ernannter neier Spëtzt an d'Bild gesat ginn.

Vum  zoustännege Ministère krut RTL, am Virfeld vun der Reunioun vum Dënschdegowend  präziséiert, dass de Ministère sech net kéint zu Gouvernance- oder Fonctionementsfroe vun enger Mutuelle äusseren, déi an hir Autonomie falen. D'Kontrollfunktioun géif sech op d'Applikatioun vun de Gesetzer an d'Statute vun der Mutuelle limitéieren.

Op eis Nofro wollt de Generaldirekter vun der CMCM Fabio Secci, op Wonsch vum, wéi et schéint,  neie Verwaltungsrot, näischt weider soen.

De President vun dësem neie Verwaltungsrot Gilbert Goergen wëll sech nach mat deem Conseil beroden a sech dono äusseren.