André Heinen kontestéiert Revocatioun, Gewerkschafte verlaangen en Audit
                    D'Gewerkschaften, déi via eege Mutuellen mat der CMCM liéiert sinn, goufen an der Lescht iwwerheeft mat de Suerge vun CMCM-Salariéen an CMCM-Memberen.
Si wëllen dass d'CMCM aus deem Trubel erauskënnt. Well d'Sozialministesch ebe fir den Agreement vun der CMCM zoustänneg ass, hätt si och eng speziell Verantwortung fir d'Aarbechtsplaze bei där Mutuelle ze erhalen a virun allem och, fir dass d'Prestatioune fir d'Membere garantéiert bleiwen.
D'Gewerkschaften verlaange vun der Ministesch een Audit esou den LCGB-President Patrick Dury. Dësem no wäert déi aktuell Situatioun net ouni Konsequenze bleiwen:
"De ganzen Theater do mam Conseil d'Administration mengen ech, dass een en neien Depart mam Conseil d'administration misst huelen. Dat ass u sech net méi ze vertrieden, wann ee kuckt, wat alles op der Place publique circuléiert. Ech mengen, et muss derfir gesuergt ginn, dass déi Gouvernance vollkommen nei opgeriicht gëtt mam Conseil an och dann, wann den Audit dat da weist , och bei der Direktioun."
An deem Sënn wier eng extraordinär Assemblée générale néideg. Sou gesäit dat och d'Gewerkschaftssekretärin Sylvie Reuter vum OGBL
"Si ass agefuerdert ginn vun deem ale President a si ass bis elo net annuléiert. Ech kann Iech just soen, dass mir als OGBL amgaange sinn, eis ze berode mat eise Mutuellen zesummen, fir dass mir endlech Rou a Beduechtheet an déi CMCM kréien.
 
Sollt dat net geléngen, esou Observateuren, riskéiert d'CMCM ze implodéieren. Deen Ament wier een am Zenario vun der Renten-Diskussioun mam zweeten an drëtte Pilier, also enger privater Zousazversécherung, an domadder wäit ewech vum Mutualitéitsgedanken.
En Dënschdeg am fréien Owend gouf da bekannt, dass den ale President André Heinen mat enger Assignatioun viru Geriicht seng Revocatioun an déi vum Büro exécutif kontestéiert. Dat wier net de Statuten no geschitt.