
Den André Heinen gouf en Dënschdeg den Owend ofgesat an duerch de Gilbert Goergen ersat. D’Personal ass den Dag drop, e Mëttwoch, informéiert ginn. D’Informatiounen aus dësem Artikel huet RTL aus éischter Hand.
Eng Reunioun mat Äntwerten, awer och Froen
Am sougenannte “grousse Sall” hat virun allem den neie staarke Mann am Verwaltungsrot Gilbert Goergen d’Haaptwuert.
Do gouf direkt ënnerstrach, dass d’Initiative néideg war, fir eppes am Conseil ze änneren wéinst der Gouvernance an deem Verwaltungsrot. Am nämmlechten Otemzuch gouf d’Hand iwwert d’Direktere gehalen. Déi Leit, esou huet et wuertwiertlech vum Här Goergen geheescht, “sinn elo ganz gutt en place, wéi se elo sinn”.
Dono gouf et Explikatiounen, dass ee President de Statuten no bannent 15 Deeg muss ee Verwaltungsrot aberuffen, wa 5 Membere vun deem Conseil dat froen. Dat wier net nëmme vu 5, mä vun den 8 genannte Membere vum Conseil esou ugefrot ginn, fir een neien Exekutivbüro ze nenne mam President, den zwee Vizepresidenten an dem Generalsekretär vum Verwaltungsrot.
D’Demande blouf ouni Suite
Den André Heinen hätt dogéint op eege Fauscht eng ausseruerdentlech Assemblée fir den 18. Abrëll convoquéiert mat um Ordre du Jour der Revocatioun vu sengem Verwaltungsrot, d’Wiel vun engem neie Conseil an d’Propositioun fir d’Leit am Exekutivbüro direkt vun de Membere wielen ze loossen.
Vum Gilbert Goergen war et op der Informatiounsversammlung d’Ausso, dass sech fir d’Personal näischt géif änneren.
De Gilbert Goergen huet och wësse gedoen, dass hie vun enger Rei Mutuellë gefrot gouf, sech der Wal, also der neier Responsabilitéit, ze stellen. Dobäi de Verweis, dass hien als laangjärege Personalvertrieder bei der Post oder mat senge Funktioune bei der CGFP genuch Erfarung huet, wéi ee Verwaltungsrot ze funktionéieren huet.
Um Enn vun der Sëtzung war et un de Froe vum Personal. Dat krut verséchert, dass déi nei Ekipp sech un d’Statute gehalen hätt.
Gereizt waren d’Reaktioune wéi d’Stéchwuert Personalkäschte gefall ass. Do krut den neien Exekutivbüro ënnert d’Nues geriwwen, dass um Niveau vun der Direktioun monter opgestockt gëtt, bei der Basis, fir déi den Aarbechtsopwand ëmmer méi grouss ginn ass, awer net.
Do gouf op déi nächst Personaldelegatioun no de Sozialwale verwisen. Ganz iwwerzeegt war d’Basis net.
Op RTL Nofro huet de Gesondheetsministere confirméiert, datt si au courant sinn an d’Situatioun genau suivéieren. Och bei der CMCM gouf eng Stellungnam ugefrot. Hei goufe mer op e Communiqué verwisen, dee bis elo nach net erausgaangen ass.