Vertrauensverloscht géigeniwwer alem President
                    Fabio Secci / © RTL-Archiv
De Gilbert Goergen ass neie President vum Verwaltungsrot vun der CMCM. Dat hu si an engem Schreiwes matgedeelt.
Aacht Leit aus dem Verwaltungsrot hunn de President André Heinen wéinst Kritik a senger Gouvernance ofgesat. Een Héichpunkt bei engem Hick-Hack, deen zënter ronn zwee Joer amgaangen ass. An et kéint just dee provisoreschen Héichpunkt gewiescht sinn. Am Mee 2022 hat de Gros vun den iwwer 70 Leit Personal an engem Bréif un de President André Heinen frontal op de Generaldirekter Fabio Secci geschoss. Se hunn him ënnert anerem Gemauschels a Favoritismus reprochéiert. Well d'Stëmmung därmoosse schlecht war, gouf eng Mediatioun lancéiert.
E Mëttwoch bei der rezenter Informatiounsversammlung fir d'Personal iwwer d'Changementer am Verwaltungsrot ze informéieren, huet sech gewisen, dass d'Mediatioun weider néideg ass. Et war d'Remark, dass fräi iwwersat, ëmmer méi Häuptlinge bäikommen an d'Zuel vun den Indianer net vill geännert huet. An et schéint sech nawell fein als Häuptling bei der CMCM liewen.
Dat huet scho virun zwee Joer de Rapport vun enger interner Finanzkommissioun gewisen, déi reaktivéiert gi war, fir de Remuneratiounssystem um Niveau vun haaptsächlech der Direktioun ënnert d'Lupp ze huelen.
De Generaldirekter kritt als Basisgehalt grosso-modo den Niveau vun der Karriär S, der héchster beim Staat. Dobäi kënnt ee System vu Jetone fir d'Direktiounsmemberen, wa se d'CMCM vertrieden. Do gëtt souguer d'Mëttespaus honoréiert. Derbäi kommen Avantage wéi zum Beispill Zousazpensioun oder d'Recht op eng Invaliderent an nach anerer.
Den aktuelle Generaldirekter krut eleng via déi Jetone fir d'Joer 2021 iwwer 25.000 Euro, aner Direkteren tëscht knapp 4.000 an iwwer 8.000 Euro. Fir de Generaldirekter war et och de Genoss vun engem Betribswon, mam Sprit abegraff, plus och nach Ausbezuele vu Kilometergeld. Et war deemools en SUV vun enger brittescher Nobelmark mat als Supplement eng Attache-remorque fir 5.000 Euro. Haut ass ass et een Elektroauto aus enger Fabrick vu Stuttgart.
Ouni elo an den Detail ze goen, huet déi intern Finanzkommissioun de ganze Remuneratiounsystem mat Basispai , Jetonen an anere Saachen zimmlech onduerchsichteg a flou fonnt, och wat d'Besteiere betrëfft. Rieds geet vun engem amateurhafte Remuneratiounsystem, verbonne mam Risk vu Steierbedruch.
De Generaldirekter hätt eng duebel an esou guer dräifach Remuneratioun gehat déi eventuell net richteg versteiert gouf. D'CMCM géif do riskéieren, Co-Auteur vu steierleche Magouille ze ginn. De System misst méi transparent a virun allem all Trimester kontrolléiert ginn.
De Rapport läit iwweregens beim Ressortministère, dee sech an enger Observatiounspositioun seet. An der interner CMCM-Finanzkommissioun, déi zu dëse Konklusioune komm ass, souzen iwweregens zwee vun den 8 Conseilsmemberen, déi de President Heinen Ugangs der Woch revoquéiert huet a virum Personal d'Hand iwwert d'Direktioun gehalen hunn.
Hei d'Reaktioun vun der CMCM vum 1. Mäerz 2024
No äre Reportage vun de lëschten Deeg, präziséiert de Executivbureau vun der CMCM :
- De 27. Februar huet de Verwaltungsrot eng extraordinäre Sëtzung aberuff wou all Memberen invitéiert goufen
 - Bei dëser Sëtzung huet de Conseil d'Administratioun den Exekutivbureau ofgewielt an en neie Bureau mat dem Här als President, dem Generalsekretär Yves Scharlé an deenen zwee Vice-Presidenten, den Häre Fernand Fischer an Eugène Kirsch, gewielt. De Conseil d'Administratioun changéiert net.
 
De Verwaltungsrot huet decidéiert den Executivbureau of- an naizewielen op Grond vun engem Vertrauensverloscht géigeniwwer vum Här Heinen als fréiere President. Déi genau Grënn déi zum Vertrauensverloscht vum fréiere President geféiert hunn ginn de Mutuellen an deenen nächsten Deeg ënnerbreed.
D’Vertrauen an de President vum Comité de Direction bleift bestoen.