Bei der gréisster Mutuelle am Land geet et den Ament drënner an driwwer.

D'Gewerkschaften LCGB an OGBL hu bei der Sozialministesch ugeklappt an elo kéint déi ganz Affär och nach een Nospill um Geriicht kréien.

De revoquéierte President vum Verwaltungsrot bei der CMCM, André Heinen, huet effektiv eng Assignatioun géint seng Revocatioun gemaach.

Déi Assignatioun goung u 15 Destinatären, ugefaange mat der CMCM als juristesch Entitéit, parallel 14 Persounen, dorënner déi 12 aner Membere vum Conseil, mat virop deenen 8 Memberen, déi d'Revocatioun Heinen decidéiert hunn, plus den operationellen Direkter a virun allem de Generaldirekter, dee scho virun zwee Joer bei der CMCM-Beleegschaft Vetternwirtschaft reprochéiert krut.

Se kruten an der Assignatioun via Huissier Rendezvous fir eng Référé-Prozedur um Stater Arrondissement-Geriicht. De Reproche ass, dass d'Revocatioun net konform mat de Statute vun der CMCM iwwert d'Bün gaange wier.

Ouni elo an de juristeschen Detail ze goen, ass et d'Argumentatioun, dass déi 8 Leit als Conseilsmembere wuel vum President kënne verlaangen, dass dee bannent zwou Wochen ee Verwaltungsrot zesummerifft. An där Opfuerderung haten déi 8 awer scho quasi den Datum, d'Auerzäit an den Ordre du jour diktéiert. D'Convocatioune goungen och un déi aner Leit aus dem Verwaltungsrot.

Fréiere President weist sech verwonnert

Den André Heinen a säin Affekot soe sech och verwonnert, dass et esouwäit komm ass. De geschasste President wier ni iwwert iergendee Reproche géint hien oder seng Gouvernance informéiert ginn. Den André Heinen hätt dunn - Statute-konform, esou säin Affekot -   d'Initiative ergraff, fir eng ausseruerdentlech Assemblée anzeberuffen, fir dat Ganzt op deem Niveau ze klären. Hien hätt wëllen eng oppen Dispute am Conseil verhënneren, esou säin Affekot an der Argumentatioun.

Um Enn, esou steet et an der Assignatioun, hunn déi 8 Leit, déi d'Revocatioun Heinen als Zil haten, ënnert sech ee Verwaltungsrot organiséiert an den ale Conseil gekippt. Rieds geet och, dass een net just d'Direktioun vun der CMCM an dee Putsch mat agebonnen hätt, mä och vis-à-vis vum Personal gestäerkt hätt, dat scho virun zwee Joer Kritik géint d'Direktioun formuléiert hat.

Um Schluss vun der Assignatioun ass et d'Fuerderung, dass all d'Demarchen an Decisioune géint den ale Verwaltungsrot an deem säi President réckgängeg gemaach ginn.

Déi Gréng fuerdere Reaktiounen an Äntwerten

Net just d'Gewerkschaften, ma och déi Gréng wëllen d'Situatioun bei der CMCM op e politeschen Niveau hiewen. D'Ressortministesch Martine Deprez - CSV - gëtt invitéiert, fir an der Santés- a Sozialkommissioun Ried an Äntwert ze stoen.

Neie President bedauert, datt Paien op Place publique diskutéiert ginn

Zu der Kontrovers, déi déi leschten Deeg ëm d'Gouvernance vun der CMCM lassgetrëppelt gouf, reagéiert en Dënschdeg den Owend den neien President Gilbert Goergen. Hie bedauert, datt d'Paie vum Personal vun der Mutuelle op der Place publique debattéiert ginn. Wat d'Pai vum Generaldirekter Secci ugeet, wier dës zejoert op Demande vum Verwaltungsrot ugepasst ginn.

De Verwaltungsrot engagéiert sech derzou, datt d'Paie vun de Cheffe vun der CMCM den Ziler a Valeuren vun enger moderner Mutuelle sollen entspriechen.

Datt Finanzauditte solle gemaach ginn, wéi et LCGB an OGBL gefuerdert haten, ënnerstëtzt den CA, deen dann och soll nei organiséiert ginn mat zum Beispill enger neier Paiekommissioun.