Stad Lëtzebuerg keeft 25 Wunnengen an 92 Kummeren

Nieft den Immobilieprojeten zu Dummeldeng an Héicht vu ronn 60 Milliounen Euro keeft d'VDL och Eefamilljenhaiser zu Hamm am Wäert vu 6 Milliounen Euro.
D'Stad Lëtzebuerg keeft, wéi de Staat, privat Immobilieprojeten op. D'Vertrieder vun der Ville de Luxembourg hunn en Donneschdeg de Moien e Reservatiounskontrakt mat der Promotiounsfirma Immobel ënnerschriwwen. Fir ronn 60 Milliounen Euro kritt d'Gemeng Lëtzebuerg alles an allem 25 Appartementer fir d'Locatioun an 92 Zëmmere fir Co-Locatioun, déi sech op zwee Gebaier vum Projet "River Place" zu Dummeldeng opdeelen. Ob d'Stad Lëtzebuerg 75% vum Invest vum Staat rembourséiert kritt, ass nach net gewosst, well et, esou de Schäffe Laurent Mosar, Onkloerheeten am Pacte Logement 2.0 géing ginn.
D'Zil wier engersäits géint de Manktem u Wunnengen ze wierken, mee och de Bauentreprisen Aktivitéit ze verschafen, sou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. De Kaf vun den zwou sougenannte VEFAen (Vente en état futur d'achèvement), also Wunnengen, déi nach net gebaut sinn, geet op den Appel d'Offres d'lescht Joer zeréck. Eng vun de Konditioune war de Präis: net méi ewéi 4.000 Euro de Meter Carré fir den Terrain an net méi ewéi 5.800 Euro de Meter Carré fir de Bau. Manner ewéi 10.000 de Meter Carré, wat Immotop no dem aktuelle Metercarréspräis zu Dummeldeng entsprécht.
D'Direktesch vun Immobel Lëtzebuerg, d'Muriel Sam, huet och vun enger "ganz dënner Marge" geschwat. Mat deem Projet géing een elo net wierklech Sue gewannen, mee an der aktueller Kris hätt Immobel eben decidéiert, wéi eng Projeten een awer egal wéi wéilt viruféieren. Ënnert anerem well een och Liquiditéite bräicht an d'Leit weider wéilt beschäftegen.
Am Ganze krut d'Stad Lëtzebuerg 15 Offeren, mee just fënnef hunn d'Konditiounen erfëllt. Eng Offer gouf elo wéi gesot konkretiséiert, bei deene véier anere géingen d'Diskussiounen nach virugoen. E weideren Appel d'Offres fir privat Projeten opzekafen huet d'Stater Gemeng elo nach net Wëlles, mee et géing een "ni eppes ausschléissen", esou nach d'Lydie Polfer. D'Buergermeeschtesch sot, et misst een hoffen, datt de Marché sech erkritt, well de Staat an d'Gemenge kéinten de Besoin u Wunnengen net eleng stemmen.
Donieft huet d'Stad Lëtzebuerg decidéiert, siwen Eefamilljenhaiser zu Hamm vun der Firma Stugalux fir 6 Milliounen Euro opzekafen. Déi waren Deel vu 17 Haiser am Kader vum "Baulückenprogramm". Fir siwen Haiser gouf kee Keefer fonnt an d'Stater Gemeng wollt net, datt déi net gebaut ginn.
