D‘Stad Lëtzebuerg keeft Projeten, fir Wunnengen ze bauen, vu private Promoteuren op, fir dës dann ze verlounen.

Domat wëll de Stater Schäfferot de Bausecteur an den aktuell méi schwieregen Zäiten ënnerstëtzen. Gläichzäiteg soll de Stock u Wunnengen a Gemengen-Hand eropgoen an et solle méiglechst séier nei Locatiounswunnengen op de Maart kommen.

Vun elo bis Mëtt November kënne Promoteure sougenannt VEFA-Immobiliëprojeten, also souer déi um Plang verkaf an da gebaut ginn, bei der Stad areechen. Zu de Konditioune gehéiert ënnert anerem, dass d'Constructiounskäschten net méi héich wéi 5.800 Euro de Metercarré sinn, op d'mannst 10 Wunnunitéiten am Gebai sinn, an dass d'Gebai komplett verkaaft gëtt.