Logements- a FinanzministèreStaat keeft 114 Wunnengen um private Marché

RTL Lëtzebuerg
De Staat keeft am Ganzen 114 Wunnengen um private Marché op. Liicht méi ewéi déi 90, déi de Logementsminister virun 3 Méint op RTL ugekënnegt hat.
© RTL Archiv

Et handelt sech ëm sougenannt VEFA, Wunnengen, wou d’Bauaarbechten hätte kënnen ufänken, mee duerch de Manktem u Keefer gebremst waren. Den Henri Kox schreift an engem gemeinsame Communiqué mat der Finanzministesch Yuriko Backes, datt 5 Reservatiounskontrakter um Punkt wieren, finaliséiert ze ginn.

D’Wunnenge sinn an der Stad, zu Déifferdeng, zu Ettelbréck, zu Ell an zu Steesel. De komplette Präis fir déi 114 Wunnengen: 69 Milliounen Euro. De Logementsminister Henri Kox hat bei eis am Interview erkläert, datt dat ënnert dem Marchéspräis wier, mee net à perte fir d’Betriber. Metercarréspräisser wollt hien, och no Nofro vun der CSV, net soen.

Am Communiqué heescht et weider, datt 3 aner Projete mat 70 Wunnengen och nach ënnert d’Lupp geholl ginn. Duerch d’Opkafe vu private Projete géing een ënnert anerem d’Bauentreprisen ënnerstëtzen: well d’Zënsen eropgaange sinn, gëtt zanter engem Joer manner verkaaft, wat dozou kéint féieren, datt däitlech manner gebaut gëtt.

Link: D’Schreiwes vum Finanz- a Logementsministère.
RTL-News: “Ënnert dem Marchéspräis": Staat keeft 2 privat Projete mat ronn 90 Wunnengen

Back to Top
CIM LOGO