"Mir schaffen net fir d'Mënschen, mee mat de Mënschen"

© Envato / Drazenphoto
Méiglechkeete schafen, fir sech weiderzebilden an d’Attributiounen un dat upassen, wat d’Aide-soignanten an der Pandemie souwisou scho geleescht hunn.
Dës Fuerderungen hunn d’Petitionären um Mëttwoch an der Chamber den Deputéierte presentéiert. Zejoert hat d’Petitioun - lancéiert vum jonken Aide-soignant Bryan Jaeger - knapp iwwer 4.500 Ënnerschrëften erreecht.
De Message vun de Petitionäre war däitlech: Als Aide-soignant ass een net just do, fir d’Leit ze wäschen oder propper ze maachen, nodeems si op d'Toilette waren. "Ech schaffe schonn 38 Joer an deem Beruff", esou d’Adèle Fiorucci-Lang. An esou laang scho géing de Secteur Fuerderunge stellen, fir dass de Beruff méi valoriséiert gëtt. Ma et géing einfach näischt geschéien. Ee Kritikpunkt war den Ënnerscheed zu den Infirmieren, deen a verschidden Institutiounen zum Beispill un der Kleedung vum Personal souguer visibel gemaach gëtt. Och de Fait, dass et zwou Konventioune ginn, nämlech eng am Fleegesecteur an eng am Spidolswiesen, wier e grousse Problem.
Déi jonk Bridder Bryan a Kim Jeager schaffen nach net esou laang als Aide-soignant an erënnere sech, dass an der Schoul dacks net iwwert de Beruff Rieds war. "Wann ech net benevole geschafft hätt, hätt ech de Beruff net kennegeléiert", sot de Kim Jaeger. An der Reegel misste Jonker sech mat 15 Joer scho fir de Beruff vum Aide-soignant entscheeden, dat wier ze fréi. Allgemeng wieren un der Formatioun Verbesserungsméiglechkeeten do. Virun allem awer misst no bausse méi sensibiliséiert ginn, fir dass kee falscht Bild vum Aide-soignant besteet.
D'Pandemie huet Problemer visibel gemaach
Et hätt een d'Gefill, et wier ee gutt genuch gewiescht, fir an der Pandemie Aufgaben z’iwwerhuelen, déi net den Attributiounen entsprach hunn. Awer net gutt genuch fir dës och elo, no der Kris, weider kënnen auszeféieren. An der Chamber hunn d'Petitionären däitlech Wierder fonnt a bedauert, dass de Respekt vis-à-vis vum Beruff vum Aide-soignant géing feelen. Eng weider Fuerderung, nieft der Formatioun, ass dowéinst, dass d'Attributiounen ugepasst ginn, un dat wat d'Aide-soignanten och scho wärend der Pandemie geleescht hunn. D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet sech oppe gewisen a gesot, dass dat an Aarbechtsgruppen analyséiert gëtt.
Doriwwer eraus hunn d'Petitionäre sech däitlech dofir ausgedréckt, dass kee weidere Beruff tëscht den Aide-soignant an den Infirmier soll "gedréckt" ginn. Vill méi wënsche sech d'Petitionären, dass hire Beruffsstand d'Méiglechkeet kritt, sech weider auszebilden. Aktuell wier een an enger Sakgaass. Duerch besser "Passerellen" also Méiglechkeete vum Aide-soignant, zum Beispill an de Beruff vum Infirmier ze wiesselen, kéint een och sécherlech méi Leit fir de Beruff gewannen. Dat misst méiglech sinn, ouni nees "vu vir" unzefänken.
No der Sëtzung hu sech d'Petitionären optimistesch gewisen. "Fir haut si mer zefridden", huet de Bryan Jeager betount. De Volet vun der Formatioun soll an der Educatiounskommissioun weider diskutéiert ginn.
Déi zoustänneg Kommissiounspresidentin Francine Closener huet präziséiert, dass nieft der Petitiounen- an der Santéskommissioun, och nach d'Educatioun an d'Héichschoul mat an d'Boot geholl ginn, fir all Volet vun der Formatioun an der Sensibilisatioun kënnen ofzedecken.