Vun 79 Mini-Entreprisen haten et der 15 an déi lescht Ronn gepackt
Iwwert 500 Schüler aus 28 Lycéeën hu matgemaach. D’Schüler hu missen am Kader vun hirem Fach Mini-Entreprise mat engem Produit an engem Konzept opkommen.
Wärend bal engem ganze Joer hunn d'Schüler vill Zäit an Energie an hir kleng Entreprise gestach. Vu Granola aus gedrechentem Brout bis bei e biodegradabele Schwamm an der Form vu Lëtzebuerg bis eriwwer bei en transportabele Grill ass alles dobäi.
Op enger Vente um Kierchbierg hunn d'Schüler en Donneschdeg den 23. Mee hire Produit konnte verkafen. Eng Jury huet och misse vun hirem Konzept an hirer Iddi iwwerzeegt ginn, well déi schlussendlech de Gewënner vun der beschter Mini-Entreprise 2024 auswielt.
D'Präisiwwerreechung huet sech am Hitch ausgedroen. Dëst Joer konnt sech LetzGuess, e gratis Online Spill mat Froen iwwert Lëtzebuerg duerchsetzen an den éischte Präis mat heem bréngen.