D'staatlecht Opkafe vu privaten Immobiliëprojeten iwwert de sougenannte VEFA-Programm dréint den Ament, genee wéi de Marché allgemeng, méi lues.

De VEFA-Programm - vente en l'état futur d'achèvement - gouf zejoert lancéiert, fir d'Immobiliëbranche ze dynamiséieren an ze deblockéieren. Bis ewell goufen iwwert de Programm eng ronn 108 Milliounen Euro investéiert.
 
Dëst Joer goufen eréischt zwou VEFAen aktéiert. Beim Akt, deen de Staat mat de Promoteuren ënnerschriwwen huet, kann de Meterkareespräis op ronn 6.000 Euro chiffréiert ginn. Dëst sinn d'reng Baukäschten. De Baupräis fir d'staatlech Etablissementer Fonds de Logement an SNHBM läit an der Moyenne bei 5.300 Euro op de Meterkaree.

Dës Chifferen nennt den DP-Logementsminister Claude Meisch op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum Piraten-Deputéierten Marc Goergen.

De Claude Meisch hat am RTL-Background de Chiffer vun 180 Wunnenge genannt, déi via de VEFA-Programm sollen an den nächsten 2 bis 3 Joer op de Marché kommen. Fir weider Projeten opzekafen, déi den Ament analyséiert ginn, stéinge weider ronn 200 Milliounen Euro zur Verfügung, sou de liberale Minister.