1.500 nei Schüler an de Lycéeë bannent 2 Trimester
E Samschdeg de Mëtteg war den Educatiouns-, Logements- a Landesplanungsminister Claude Meisch Invité an der Emissioun Background.
Als Logementsminister wier et säin Haaptzil, méiglechst vill a séier abordabele Wunnraum ze schafen. Do géingen d'Gemengen eng wichteg Roll spillen. Datt et aktuell beim Bau vun neie Wunnengen net esou séier viru geet, géing zu engem gudden Deel un ze villen an ze schwéierfällege Prozedure leien, deenen d'Gemengen ënnerleien. Fir dee Problem ze behiewen, misste Gesetzer a Reglementer geännert ginn.
Wat d'Aarbechtsgruppen, déi nom Logementsdësch viru ronn 3 Méint geschaaft goufen, ubelaangt, sollen déi an deenen nächste Wochen hir Resultater presentéieren, si wieren um Punkt, hir Aarbechten ofzeschléissen.
Am Etat de la Nation an der Woch no den EU-Walen wäert de Premier Frieden dann eenzel Resultater nennen, ënner anerem d'Vereinfache vun de schwéierfällegen Prozeduren.
Et wier wichteg, déi privat Promoteure mat an d'Boot ze huelen. Fir dat ze erreechen, keeft de Staat aktuell privat Projeten op a stellt se fäerdeg. Bis elo wieren Akten am Wäert vun 100 Milliounen Euro ënnerschriwwe ginn. An deenen nächsten 2 bis 3 Joer sollen esou 180 Wunnengen op de Marché kommen. Et géing een zudeem driwwer nodenken, weider Projeten opzekafen. Dofir stéinge ronn 200 Milliounen Euro zur Verfügung.
Déi ëffentlech Bauträger Fonds de Logement an SNHBM hätten et an deene leschte Joren net genuch Wunnengen op de Marché kritt. Een Zesummeleeë vun deenen zwou Entitéite wier fir hien awer keng Optioun, well et ze ëmständlech wier.
Een Erweidere vun de Bauperimetere kéint partiell sënnvoll sinn, et wier awer keen Allheelmëttel. Fir déi Plazen ze identifizéieren, wou d'Opmaache vun de Perimetere Sënn mécht, géing ee sech op de Plan sectoriel logement stäipen.
Et hätt een aktuell eng a-typesch Situatioun um Wunnengsmarché. Fréier wier d'Demande vill méi grouss wéi d'Offer gewiescht. Dat hätt sech awer duerch d'Eropsetze vun den Zënsen an déi héich Präisser vu Baumaterialie geännert. D'Transaktioune wieren ëm 70 Prozent erofgaangen.
Wat den annoncéierte Biergerfong ugeet, läit do nach kee Gesetzestext vir. Ma et bräicht souwisou ee Mix vu verschiddene Mesuren. Dozou géingen och fiskal Mesurë wéi zum Beispill Leerstandssteier a Grondsteier gehéieren. Et sollten esouwuel potenziell Keefer motivéiert ginn, fir ze investéieren, awer och Proprietäre vun Terrainen dozou bruecht ginn, hir Bienen op de Marché ze bréngen.
An der Educatioun plädéiert de Claude Meisch fir eng Dezentraliséierung. Sou bleift d'Educateursausbildung zwar zu Miersch, et gëtt awer och eng Antenn um Belval geschaaft. Och d'Hotelsschoul vun Dikrech kritt eng Annex, dat am Suessemer Schlass. Bis dat fäerdeg renovéiert ass, kënnt d'Annex iwwerdeems zu Wickreng beim Projet GRIDIX ënner. Datt ëmmer méi international ëffentlech Schoule gebaut ginn, géing dorunner leien, datt d'Schoulpopulatioun ganz heterogeen wier a vill Schüler am klassesche System een Echec riskéieren.
Wat d'CSV-DP-Regierung ugeet, fënnt de Claude Meisch, datt dat eng normal Koalitioun wier. Hie géing der Dräier-Koalitioun mat LSAP an deene Gréngen net notraueren. Et géing net ëm déi perséinlech Virléifte vun de Politiker goen, mee dorëms wat de Wieler wëllt. Et hätt een och ee breet opgestallte Programm fir déi nächste Joren. Ee wichtege Punkt fir unzesetzen, wier d'Alphabetiséierung.
Wat d'"Affär Meisch" ugeet, wëllt de Claude Meisch no vir kucken, et wier alles vu jidderengem gesot ginn, dorënner och vum Parquet.
Mat Bléck op d'Suspendéierung vum Direkter vum Clierfer Lycée Edward Steichen huet de Claude bedauert, datt et dozou komm ass. D'Schoul hätt déi ganz Turbulenzen awer gutt iwwerstanen an hie géing net dervun ausgoen, datt ee bleiwende Schued entstanen ass. Déi aktuell Ekipp am Lycée géing eng gutt Aarbecht maachen. Op de suspendéierte Jean Billa seng al Tâche erëm zeréckkréie kéint, do wollt sech de Claude Meisch net festleeën.

© Hugues Bataille / RTL
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.